03. Oktober: De President vum DDR-Ministerrot Willi Stoph gëtt zum Staatsrotspresident (Ministerpresident) vu sengem Land gewielt.
17. November: A Griicheland gëtt d'Revolt vun de Studenten um Athener Polytechnikum géint d'Militärdiktatur bluddeg niddergeschloen.
25. November: De griichesche President, de Generol Georgios Papadopoulos gëtt duerch d'Militär gestierzt; neie President gëtt de Generol Phaidon Gizikis.
20. Dezember: De spuenesche Ministerpresident Luis Carrero Blanco gëtt bei engem Bommenattentat vun der ETA ëmbruecht, de Carlos Arias Navarro gëtt säin Nofollger.
16. Juli: D'Regierung ënnerschreift e Memeorandum of Understanding mat der RWE Essen, fir de Bau vun enger Atomzentral zu Remerschen ze plangen an dann duerchzeféieren.
30. Januar: Watergate-Affär: Dem President Richard Nixon seng Mataarbechter Gordon Liddy an James W. McCord, Jr. gi viru geriicht wéinst Abroch verurteelt.
An Argentinie gëtt de Juan Perón zum Staatspresident gewielt, seng Fra Isabel Perón gëtt Vizepresidentin.
Asien
27 Januar: An de Friddensaccorde vu Paräis gëtt e Waffestëllstand an de Réckzuch vun den US-Truppen aus dem Vietnam decidéiert.
29. Mäerz: Déi lescht US-amerikanesch Zaldote verloosse Vietnam.
17. Juli: An Afghanistan putscht den Mohammad Daud Khan a rifft d'Republik aus. Hie gëtt deen Dag drop zum President proklaméiert; de Kinnek Mohammed Sahir Schah vun Afghanistan dankt de 24. August of.
14. Oktober: An Thailand trëtt no Onrouen d'Militärregierung zeréck; de Sanya Dharmasakti gëtt neie Premierminister.
31. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Genua, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1974, 0:5 géint Italien.
08. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1974, 0:1 géint Schwäiz.
26. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Luzern, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1974, 0:1 géint Schwäiz.
07. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:2 géint Kanada.
04. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt an der Stad Lëtzebuerg 2:1 géint Norwegen. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Vinicio Monacelli a Pierrot Langers geschoss.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article 1973, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses. ®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.