De Salvador Guillermo Allende Gossens, gebuer de 26.
Juni">26. Juni 1908 zu Valparaíso a gestuerwen den 11. September 1973 zu Santiago de Chile, war e chileeneschen Dokter, Politiker a vun 1970 bis 1973 President vum Chile.
Salvador Allende | |
---|---|
Pseudonym | Chicho |
Gebuer | 26. Juni 1908 Santiago de Chile |
Gestuerwen | 11. September 1973 Santiago de Chile |
Doudesursaach | Schosswonn |
Nationalitéit | Chile |
Educatioun | Universidad de Chile |
Aktivitéit | Politiker, Dokter, Chirurg, President vum Chile |
Partei | Partido Socialista de Chile |
Wärend senger Presidentschaft huet hie probéiert, op demokrateschem Wee eng sozialistesch Gesellschaft am Chile z'etabléieren. Sou huet hien d'Banken an d'Koffergrouwen an aner Minièren an auslänneschem (meeschtens US-amerikaneschem) Besëtz ouni Entschiedegung verstaatleche gelooss, an an enger Agrarreform d'Terraine vun e puer mächtege Groussgrondbesëtzer u Klengbaueren a Kollektiver verdeele gelooss. Hien huet d'Präisser vu Grondernierungsmëttelen a vu Loyere festleeë gelooss an eng gratis Schoulbildung a Gesondheetsversuergung agefouert.
Duerch seng Politik, ma och wéinst engem Handelsembargo vun den USA an anere Länner goungen d'Präisser vun Importer staark an d'Luucht, et koum zu enger Inflatioun vun 160 bis 600 % am Joer, wat zu enger reegelrechter Wirtschaftskris gefouert huet. Streiker, Manifestatiounen an terroristesch Attacke waren d'Folleg.
De Salvador Allende gouf den 11. September 1973 bei engem Militärputsch, mat un der Spëtzt dem Augusto Pinochet (an ënnerstëtzt vun der CIA) gestierzt, an huet sech am Verlaf vun de Kämpf d'Liewe geholl.
Commons: Salvador Allende – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Salvador Allende, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.