E Virfaartsschëld ass am Stroosseverkéier eng vertikal Signalisatioun, déi ugëtt a wat fir enger Reiefolleg déi verschidde Chauffere fueren däerfen.
Am Texte coordonné vum Lëtzebuerger Code de la route, deen an engem Arrêté grand-ducal vum 23. November 1955 an duerno e puermol geännert gouf, sinn d'Virfaartsschëlter am Kapitel V Voie publique, an der Sektioun IV De la signalisation routière ënner der Rubrik II. SIGNAUX DE PRIORITÉ beschriwwen.
Bedeitung | Bezeechnung(en) | Bemierkung | |
---|---|---|---|
1 | Virfaart iwwerloossen | Schëld B, 1 | |
2 | Stoppschëld | Schëld B, 2a | |
3 | Virfaartsstrooss | Schëld B, 3 - Schëld B, 4 | |
4 | Konfiguratiounsschëld | ||
5 | Virfaart fir de Verkéier deen entgéintkënnt | Schëld B, 5 | |
6 | Virfaart virum Verkéier deen entgéintkënnt | Schëld B, 6 | |
7 | Andreaskräiz | Schëld B, 7a - Schëld B, 7b |
D'Verkéiersvirfaartsschëlter hu verschidde Formen (Dräieck mat enger Spëtzt no ënnen, Aachteck, Quadrat, Rondel, asw.), verschidde Faarwe vum Hannergrond a vun de Piktogrammen.
D'Schëlter gëtt et a verschiddene Moossen, jee nodeem ob se bannent oder baussent den Uertschaften oder op den Autobunne gebraucht ginn.
Gemenkerhand ginn d'Schëlter op der rietser Säit a der Fuerrichtung a baussent der Fuerbunn opgeriicht.
D'Verkéiersschëlter ginn am Allgemenge baussent den Uertschafte vun der Bauverwaltung a bannent den Uertschafte vun der jeeweileger Gemengeverwaltung opgestallt.
Commons: Virfaartsschëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Virfaartsschëld, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.