Gantebeensmillen: Fréier Millen an der Gemeng Hesper

D'Gantebeensmillen ass e Lieu-dit an der Gemeng Hesper an et war fréier eng vu fënnef Waassermillen déi am Uelzechtdall an der Ëmgéigend vun Hamm funktionéiert hunn.

Gantebeensmillen
Gantebeensmillen: Biller, Kuckt och, Literatur
Iwwerreschter vun der Waassermillen op der Gantebeensmillen
An anere Sproochen fr: Moulin de Gantenbein
de: Gantenbeinsmühle
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Gantebeensmillen: Biller, Kuckt och, Literatur Hesper
Buergermeeschter Marc Lies (CSV)
Koordinaten 49° 36’ 15.1’’ N
      06° 10’ 11.2’’ O
Gantebeensmillen: Biller, Kuckt och, Literatur
Gantebeensmillen: Biller, Kuckt och, Literatur
Déi delabréiert Gebaier vum Restaurant op der Gantebeensmillen (Mäerz 2018).
Gantebeensmillen: Biller, Kuckt och, Literatur
De Pop-up Open-air-Club “The River” (Summer 2021).

Déi wirtschaftlech Bedeitung vun de Mille laanscht d'Uelzecht bestoung virun allem doran, datt s'an der virindustrieller Zäit déi eenzeg Energieproduzente waren. Do gouf Waasserkraaft a mechanesch Energie ëmgewandelt. Ronderëm d'Millen huet d'industriell Revolutioun am 19. Joerhonnert ugefaangen.

Nach ier den neien Thomas-Procedé zu Lëtzebuerg bekannt gouf - mat deem een aus phosphorhaltegem Minett Stol gewanne kann - hat an der Géigend vun Hamm d'industriell Produktioun schonn ugefaangen d'Agrarproduktioun lues a lues ofzeléisen.

D'Gantebeensmillen war eng vu 5 Millen am Uelzechtdall a geet wuel bis an d'Joer 1786 zeréck a war fréier ënner dem Numm „Mille beim Tuerbelsfiels“ bekannt. Et war eng Schläifmille mat 2 Gebaier war, déi am Joer 1821 dem Peter Gantenbein gehéiert huet. 1823 krut hien d'Autorisatioun fir d'Platinerei an eng Mielmillen ëmzebauen. 1872 ass d'Millen dunn un d'Duchfabrik vun e Bridder Godchaux verkaf ginn.

Gantebeensmillen: Biller, Kuckt och, Literatur
Reklamm am Wort (1946).

1934 huet d'Famill C. Kremer-Legros op der Gantebeensmillen um lénksen Uwänner eng oppe Schwämm an eng Wiertschaft opgemaach. 1945 war dunn d'Ouverture vun der Hostellerie Gantenbeinsmühle vum Jules Rolling.

De Succès vun der Schwämm mat hirem Café huet bis Ufank vun den 1960er Jore gedauert; duerno ass et méi roueg ginn a schlussendlech gouf zougemaach. An den 1970er Jore koum en neie Proprietär deen de Schwammbaseng renovéiert, e Bar op der Terrasse an e Café-Restaurant nei opgemaach huet.

D'Schwämm an de Restaurant hunn ...[Wéini ?] definitiv zougemaach, an zënterhier stinn d'Gebaier eidel a verfalen. Aus engem Projet vun engem Wellnesshotel, deen 2012 opkoum, grad ewéi virdrun deene vun enger Diskothéik oder engem Club-Restaurant, ass näischt ginn. Den 31. Mee 2017 huet et am fréiere Restaurant gebrannt.

Am Summer 2021 gouf op der Gantebeensmille fir e puer Méint e Pop-up Open-air-Club mam Numm “The River” installéiert.

D'Parzelle gehéieren der Gesellschaft PropCo 1, déi Mëtt Dezember 2021 gegrënnt gouf. Den eenzege Gesellschafter ass d'Firma Greenfich Capital Management S.A.

De 26. Januar 2024 huet et an enger Veranda um Terrain vun der Mille gebrannt.

De Kayak Club Olympia Hamm, deen 1936 gegrënnt gouf an zënter 1997 de Kayak Club Hesper ass, huet säi Bootshaus op der Gantebeensmillen.

Biller

Kuckt och

Literatur

  • Erpelding, Émile, 1988. Die Mühlen des Luxemburger Landes. 2. Aufl. 800 S. Christnach: E. Borschette; Luxembourg: Impr. Saint-Paul, Luxemburg.

Um Spaweck

Commons: Gantebeensmillen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

Tags:

Gantebeensmillen BillerGantebeensmillen Kuckt ochGantebeensmillen LiteraturGantebeensmillen Um SpaweckGantebeensmillenGemeng HesperHamm (Stad Lëtzebuerg)Lieu-ditMillen zu LëtzebuergUelzecht

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Pol GreischHelga SommerfeldFändel vu Lëtzebuerg1938NauruDemocratic Party (USA)VulvaKrautmaartLettlandJuan Orlando HernándezRoy RedingThéophile SchroellIndonesienBommeleeërHampshire (England)Gaston Reinesch715SydneyOrdre de la couronne de chêneWladimir Semjonowitsch WyssozkiLëscht vun de lëtzebuergesche RiedensaartenVincent WiesenbachVereenegt Arabesch EmiraterGinette Leclerc1927KryptowärungGlenn FordRue du Fossé (Stad Lëtzebuerg)Leo TrotzkiFinnlandScheierhaff (Miesdref)BockfielsSchlass BiertrengLech WałęsaSchauspillerKuwaitGerson Rodrigues GouveiaIrakkrichKonservatismusIron MaidenGustave FlaubertLëscht vu lëtzebuergesche SchrëftstellerRené Steichen (Regisseur)Christian WeisItalienMike RichartzNew Orleans1434Jesus vun NazaretÄerdJang de BlannenMuhammad AliNebraskaTongerenStaatVull vum JoerSèteInoHorrorfilmNicoolSingapur (Republik)Franciscus (Poopst)Zénon Bernard (1893)19. AugustAbrëllAlbanienParaguay1795COVID-19PoopstRepublikGréngen DonneschdegWashington D.C.NGC 6369🡆 More