D'Gemeng Habscht ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen.
Se läit am Äischdall am Kanton Capellen. Op den 1. Januar 2023 hat se 4.992 Awunner. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Äischen. D'Gemengenhaus steet um Dänn.
Gemeng Habscht | |
---|---|
An anere Sproochen | fr: Habscht de: Habscht |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Capellen |
Chef-lieu | Äischen |
Buergermeeschter | Serge Hoffmann (CSV) |
Awunner | 4.992 |
1. Januar 2023 | |
Fläch | 3.251 ha |
Héicht | 278 m |
Koordinaten | 49° 41’ 15.0’’ N 05° 54’ 51.998’’ O |
LAU-Code | LU0103 |
Websäit | http://www.habscht.lu |
Den 1. Januar 2018 huet d'Gemeng sech ëm den Territoire vun der fréierer Gemeng Simmer vergréissert, mat där se fusionéiert huet.
Zu der Gemeng gehéieren nach follgend Häff a Lieu-diten:
|
|
D'Gemeng Habscht läit westlech am Lëtzebuerger Land am Kanton Capellen op der belscher Grenz. Nopeschgemenge si Biekerech a Sëll am Norden, Käerch a Stengefort am Süden, Helperknapp a Kielen am Osten. Am Weste stéisst se un déi belsch Gemeng Arel. Duerch d'Gemeng leeft d'Äisch.
ouni déi fusionéiert Uertschafte vun der fréierer Gemeng Simmer:
No der Fusioun:
Quell:STATEC
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Bei de Gemengewale vun 2011 gouf zu Habscht eng éischt Kéier nom Proporz- an net méi nom Majorzsystem gewielt. Zur Wal stoungen 11 Gemengeréit (virdrun: 9).
Joer | CSV | DP | LSAP |
---|---|---|---|
2011 | 8 | - | 3 |
2017 | 8 | 2 | 1 |
2023 | 6 | 3 | 2 |
Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
Am September 2013 hunn d'Buergermeeschtere vun Habscht a Simmer bekannt gemaach, hir Gemenge wëllen ze fusionéieren. Nodeems de 25. Mee 2014 an engem Referendum an der Gemeng Simmer 59,75 Prozent vun de Wieler fir eng Fusioun gestëmmt haten, hu sech den 9. November 2014 och an der Gemeng Habscht bei sou engem Referendum 59,3 % vun de Wieler dofir ausgeschwat. 2012 hat Simmer scho wolle mat der Gemeng Käerch fusionéieren; an der leschtgenannter hate sech awer deemools 56% géint eng Fusioun mat Simmer ausgeschwat. De 24. Februar 2016 huet d'Chamber eestëmmeg dem Gesetz fir déi Fusioun, zum 1. Januar 2018, zougestëmmt.,
Bei de Gemengewalen vum 11. Juni 2023 gouf an der Fusiounsgemeng nom Proporzsystem gewielt, iwwerdeems bei de Wale virdrun (2017) an der deemoleger Sektioun Habscht 2017 schonn nom Proporzsystem, an der Sektioun Simmer awer nach nom Majorzsystem gewielt gouf.
D'Fusiounsgemeng Habscht huet keen eegene Wopen; se benotzt gemenkerhand déi zwéi Wope vun de fréiere Gemengen Habscht a Simmer niewenteneen.
Habscht | Beschreiwung am Originaltext: Taillé de gueules et d'azur à la barre ondée d'argent brochante accompagnée en chef d'une couronne d'or et en pointe d'une fontaine d'argent. |
Simmer | Beschreiwung am Originaltext: De gueules à la croix ancrée d'argent chargée en abîme d'une tour crénelée et ouverte de gueules ajourée et maçonnée de sable. |
D'Gemeng Habscht ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Commons: Habscht – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Gemeng Habscht, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.