De Robert Gabriel Mugabe, gebuer den 21.
Februar">21. Februar 1924 zu Masvingo a gestuerwen de 6. September 2019 zu Singapur, war e simbabwesche Politiker. Hie war de Chef vun der Zimbabwe African National Union (ZANU)-Partei a war vun 1987 bis 2017 President vu Simbabwe. Säi Virgänger war de Canaan Banana.
Robert Mugabe | |
---|---|
Gebuertsnumm | Robert Gabriel Mugabe |
Gebuer | 21. Februar 1924 Kutama |
Gestuerwen | 6. September 2019 |
Doudesursaach | Kriibs |
Nationalitéit | Simbabwe |
Educatioun | Achimota School, Universitéit vu Fort Hare, University of Oxford, Kutama College, Universitéit vu Südafrika, University of London International Programmes |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | Zimbabwe African National Union, Zimbabwe African People's Union |
Famill | |
Bestuet mat | Grace Mugabe |
Kanner | Bona Mugabe |
Vun 1980 bis 1987 war hie Ministerpresident.
Den 22. August 2013, zwéin Deeg nodeem d'Verfassungsgeriicht d'Presidentewal vum 31. Juli fir rechtméisseg erkläert hat, gouf de Mugabe fir d'siwent Kéier fir eng fënnefjäreg Amtszäit als President vereedegt.
Am November 2017 huet d'simbabwescht Parlament ofgestëmmt, fir en ofzesetzen.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Robert Mugabe, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.