Den Thabo Mvuyelwa Mbeki, gebuer den 18.
Juni">18. Juni 1942 zu Idutywa, Kaprovënz, haut Eastern Cape, war vun 1999 bis 2008 Staatspresident vu Südafrika. Hien ass de Jong vum Govan Mbeki, dee jorelaang am ANC aktiv war.
Thabo Mbeki | |
---|---|
Gebuer | 18. Juni 1942 |
Nationalitéit | Südafrika |
Educatioun | Universitéit vu Sussex, Universitéit vu Sussex, Universitéit vu Südafrika, Universitéit vu London |
Aktivitéit | Politiker, Ekonomist |
Partei | African National Congress |
Hien ass 1962 an d'Vereenegt Kinnekräich an den Exil gaangen an huet do Ekonomie studéiert. 1970/71 huet en an der Sowjetunioun eng Militärausbildung kritt. Zanter 1971 war hie Member am Féierungskader vum African National Congress (ANC). Vun 1984 u war hien do fir d'éischt Informatiounssekretär, duerno Porte-parole fir Aussepolitik. Vun 1990 un, wéi e bis aus dem Exil zeréckkoum, huet hien och fir den ANC mat der wäisser Minoritéitsregierung verhandelt.
1994, no den éischte fräie Walen, gouf de Mbeki Vizepresident an der Regierung vun der nationaler Eenheet ënner dem Nelson Mandela. Am Dezember 1997 gouf hien dem Mandela säin Nofollger als President vum ANC an 1999 als Staatspresident vun der Republik Südafrika. No de Parlamentswale vun 2004 gouf hien den 23. Abrëll erëmgewielt an de 27. Abrëll, dem zéngten Anniversaire vum offiziellen Enn vun der Apartheid, vereedegt.
Vu Juli 2002 bis Juli 2003 war e President vun der Afrikanescher Unioun.
De Mbeki stoung wärend senger Amtszäit alt an der Kritik wéinst senger Haltung vis-à-vis vum Diktator vu Simbabwe, Robert Mugabe, a sengen onwëssenschaftlechen Aussoen zu Aids, z. B., datt en antiretrovirale Medikamenter d'Wierksamkeet ofgeschwat huet.
Commons: Thabo Mbeki – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Thabo Mbeki, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.