Reen

Reen ass flëssegt Waasser a Form vun Drëpsen déi vu Waasserdamp aus der Atmosphär zu Wolleke kondenséieren an da falen - dat heescht, déi schwéier genuch gi si fir ënner dem Afloss vun der Schwéierkraaft ze falen.

Reen ass eng Haaptkomponent vum Waasserkreeslaf a verantwortlech fir de gréissten Deel vum Séisswaasser, dat op d'Äerd kënnt. E liwwert gëeegent Konditioune fir vill Ekosystemer an och fir Waasserkraaftwierker an Irrigatioun.

Reen
Reen iwwer puer Beem

Reendrëpse banne Stëbs an Aerosolen, déi an d'Atmosphär geklomme sinn. Dës Bestanddeeler bestëmmen de pH-Wäert vum Reen. Vu Sauerem Reen schwätzt een zum Beispill, wann de pH-Wäert méi niddreg ass wéi de pH-Wäert vu rengem Waasser. Dat kënnt vir, wann Ofgase mam Waasser eng nei Verbindung aginn an de Reen zu enger liicht sauerer Léisung maachen. Dat trëtt haaptsächlech op Plazen op, an deene vill Mënsche liewen an d'Loftverschmotzung héich ass, mä och an der Ëmgéigend vun aktive Vulkaner. Sauere Reen schiedegt der Natur an der Ëmwelt an ass eng vun de Ursaache vum Bëschstierwen.

Reen ass ënnerschiddlech jee no Formatioun, Dauer, Intensitéit, Wierkung a geographeschem Virkommen. Festen Nidderschlag, wéi Knëppelsteng oder Schnéi, besteet aus gefruerenem Waasser a Kondensatiouskeimen a kann och mat Reen gemëscht falen.

Tags:

AtmosphärEkosystemSchwéierkraaftSéisswaasserWaasserWollekÄerd

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

GesondheetRob DeltgenMullebutzStater TramBlogGemeng SëllNidderkäerjengIrlandFailliteTiranaEmil AngelRiselenJean-Claude JunckerChrëschtlech-Sozial JugendBuerg SimmerMonica SemedoConcomberLucien ThielLionel MessiSoziologieKleeschenChristoph KolumbusTun Tonnar2016C++BousLëscht vu lëtzebuergesche RockgruppenFrankie HansenMargréitchenFriddensgeriicht (Lëtzebuerg)Foussball-WeltmeeschterschaftOns HeemechtLëtzebuergeschSarah SchreiberPhilippinnenMyriam Spiteri DebonoWaldbëlleger AffärHaidy JacobiNico ReisdorffUS-Monument PéitengCorinna Harfouch1788Karl MarxMeris ŠehovićLycée Josy-Barthel MamerLiberté de conscienceEdfuGemeng HelperknappRégis MoesFaaschtenzäit23. DezemberÉischte MeeLëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng LëntgenSowjetuniounThéodore EberhardVereenegt Arabesch EmiraterBan de GasperichBaby(a)loneMediaWikiMensterJosy JohannsLycée classique d'EchternachPol LeursTschechesch Republik1924BloFrancis of DeliriumLëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften, Häff a Lieu-ditenFlavio BeccaGemeng Stadbriedemes🡆 More