D'franséisch Éierelegioun, op Franséisch Ordre national de la Légion d'honneur, ass eng Associatioun vu verdéngschtvolle Militärpersounen oder Zivilisten, déi den 19.
Mee">19. Mee 1802 vum Generol an Éischte Konsul Napoleon Bonaparte, nom Virbild vun der ofgeschaafter Monarchie sou wéi ë. a. den Ordre de Saint-Michel, den Ordre du Saint-Esprit, den Ordre de Saint-Louis gegrënnt gouf. Den Ordre de la Légion d'honneur ass zanterhier den héchsten a bekanntsten Uerde vu Frankräich a gouf nom Doud vum Napoleon bäibehalen. Haut ass de President vun der Republik Groussmeeschter vum Uerden (Grand maître); hie kritt deen Dag, wou e seng Funktiounen offiziell iwwerhëlt, de Collier du Grand-Maître – deemno eng Halsketten – iwwerreecht.
Am Uerde sinn ongeféier zwee Drëttel Militärpersounen an een Drëttel Zivilpersoune Member.
Déi éischt Verdeelung vun dëser Auszeechnung war de 15. Juli 1804. Deen eelste Mënsch, deen d'Éierelegioun krut, war de Marcellin Babaud, en Zaldot aus dem Éischte Weltkrich. Hie gouf de 27. Juli 1994 am Alter vun 106 Joer Ritter vun der Legioun.
Zu Paräis gëtt et, direkt nieft dem Musée d'Orsay, de Musée de la Légion d'honneur. D'Légion d'honneur ënnerhält och eng schoulesch Institutioun mat engem Internat fir déi mannerjäreg Meedercher vu militäresche Memberen, déi am Asaz fir Frankräich gefall sinn.
Abbé Pierre - Jacques Anquetil - Hélène Boucher - Jean Bringer - Albert Deriot - Blaise Illig - Charles Messier - Aimé Ramond - Paul Matthieu Hermann Laurent - Jules Liégeois - Tino Rossi - Marcel Marceau - Maurice Koechlin - Gaston Carré - François de Curel
Albert Frère - André Grétry - Félicien Rops
Jean Asselborn - François Altwies - Anne Beffort - Charles Bivort - Nicolas Cito - Antoine Diederich - Jean-Marie Halsdorf - Joseph Hansen - Erna Hennicot-Schoepges - Jules Hoffmann - Joseph Junck - Jean-Claude Juncker - Emile Krieps - Astrid Lulling - Charles Marx - Aloyse Meyer - Marcel Noppeney - Jean-Pierre Pescatore - Lydie Polfer - Jacques Santer - Emmanuel Servais - Robert Stumper - Liliane Thorn-Petit - Joseph Weyland - Yves Mersch
Abbeville - Albert (Somme) - Amiens - Argentan - Arras - Ascq - Audun-le-Roman - Badonviller - Bapaume - Bazeilles - Beauvais - Belfort - Béthune - Bitche - Boulogne-sur-Mer - Brest - Caen - Calais - Cambrai - Chalon-sur-Saône - Château-Thierry - Châteaudun - Dijon - Douai - Dunkerque - Étobon - Évreux - Falaise (Calvados) - Gerbéviller - Landrecies - Le Havre - Lens (Pas-de-Calais) - Lille - Longuyon - Longwy - Lorient - Lyon - Metz - Montdidier - Nanzeg - Nomeny - Noyon - Oradour-sur-Glane - Paräis - Péronne (Somme) - Phalsbourg - Pont-à-Mousson - Rambervillers - Reims - Roanne - Rouen - Saint-Dié-des-Vosges - Saint-Dizier - Saint-Jean-de-Losne - Saint-Lô - Saint-Malo - Saint-Nazaire - Saint-Quentin - Soissons - Strasbourg - Thionville - Tournus - Valenciennes - Verdun
Stad | Land | Datum vun der Auszeechnung |
---|---|---|
Alger | Algerien | 15. August 2004 |
Belgrad | Jugoslawien | 28. Dezember 1920 |
Léck | Belsch | 7. August 1914 |
Lëtzebuerg | Lëtzebuerg | 18. Juni 1957 |
Volgograd | Russland | 20. Dezember 1984 |
Commons: Légion d'honneur – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Légion d'honneur, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.