De Matthieu Paul Hermann Laurent, gebuer den 2.
September">2. September 1841 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 19. Februar 1908 zu Paräis, war e franséische Mathematiker.
Paul Matthieu Hermann Laurent | |
---|---|
Gebuer | 2. September 1841 Lëtzebuerg |
Gestuerwen | 19. Februar 1908 Paräis |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Mathematiker |
Seng Eltere waren den Auguste Laurent an d'Francine Schrobilgen, Duechter vum Mathieu-Lambert Schrobilgen. Gebuer gouf den Hermann zwar zu Lëtzebuerg, ass awer a Frankräich zu Bordeaux opgewuess, wou säi Papp, e bekannte Cheemiker, op der Universitéit dozéiert huet. No deem sengem Doud, 1853, huet hien op der École polytechnique zu Paräis an op der École d'application zu Metz studéiert. Du war hie bis 1865 Offizéier an der franséischer Arméi. Vun 1862 un huet den Hermann Laurent mathematesch Aarbechte verfaasst, déi éischt gouf 1865 publizéiert. 1866 krut hien no senger Dokteraarbecht eng Léierplaz op der Polytechnique. Déi Plaz huet hien 1870-1871 nees opginn, well hien am Däitsch-Franséische Krich erëm an der Arméi aktiv gouf.
No 1871 huet den Hermann Laurent och als Versécherungsmathematiker geschafft. 1889 gouf hie Professer an der Paräisser École agronomique. 1905 krut hien d'Légion d'honneur. Den Hermann Laurent ass den 19. Februar 1908 zu Paräis gestuerwen.
Dem Hermann Laurent säin éischt Wierk vun 1862 huet Traité des séries geheescht, 1865 huet hie säin Traité des résidus publizéiert. Hien huet 30 Bicher a vill kleng Publikatioune verfaasst, an huet sech och mat der Geometrie an der Statistik beschäftegt.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Paul Matthieu Hermann Laurent, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.