De Marcel Marceau (mam richtegen Numm Marcel Mangel), genannt le mime Marceau, gebuer den 22.
Mäerz">22. Mäerz 1923 zu Stroossbuerg a gestuerwen den 22. September 2007 zu Cahors, war e franséische Schauspiller a Pantomime.
Marcel Marceau | |
---|---|
Pseudonym | Bip, Le mime Marceau |
Gebuer | 22. Mäerz 1923 Stroossbuerg |
Gestuerwen | 22. September 2007 Cahors |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Pantomime, Schauspiller, Clown, Zirkusartist, RIF- Resistenzler, Moler, Filmschauspiller, visuelle Kënschtler |
Member vun | Akademie der Künste der DDR, Bayerische Akademie der Schönen Künste, Académie des beaux-arts |
Hie gouf mat sengem Personnage Bip international bekannt.
De Marcel Mangel, deen aus eng jiddescher Famill koum, ass am Zweete Weltkrich zu Limoges der franséischer Resistenz bäigetrueden an huet do den Decknumm Marceau ugeholl. Nom Krich goung hien zu Limoges op d'École des arts décoratifs.
Den Dag vu sengem 24. Gebuertsdag huet de Marceau säi Personnage Bip fir d'éischt op enger Bün dem Public virgestallt. Mat deem gouf hien ee vun de bekanntste Pantomimë weltwäit. 1978 huet hien zu Paräis eng Schoul fir Pantomimen opgemaach, wou en och Coursë ginn huet.
Hien huet och verschidde Bicher geschriwwen, dorënner L'Histoire de Bip, Les sept péchés capitaux a Pimporello.
De Marcel Marceau ass um Père Lachaise-Kierfecht begruewen.
Commons: Marcel Marceau – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Marcel Marceau, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.