D'Lëscht The World's Billionaires ass eng Zesummestellung, déi zanter 1987 all Joer vum US-amerikanesche Wirtschaftsmagazin Forbes publizéiert gëtt an déi weltwäit all Persoune begräift, déi e geschatent Verméige vu méi wéi enger Milliard US-Dollar hunn.
Diktatoren a Membere vu Kinnekshaiser sinn op dëser Lëscht net enthalen.
Tëscht 1996 an 2006 ass, no Forbes, d'Zuel vun de Milliardäre weltwäit vu 423 op 946 geklommen. Mat enger Ausnam (1997) gouf dës Lëscht vum Bill Gates, engem vun de Matgrënner vun der amerikanescher Software-Entreprise Microsoft, ugeféiert. Och wa säi Verméigen zanter 2004 staark zeréckgaangen ass, verfüügt hien haut nach iwwer e Verméige vu ronn 83 Milliarden Dollar .
Déi meescht Milliardären (277) sinn opgrond vun dëser Lëscht US-Amerikaner, gefollegt vun Däitschen. Den Inder Lakshmi Mittal, Boss vun der Mittal Steel Company, zu där elo och déi fréier Arcelor gehéiert, figuréiert mat 32 Mrd. US$ op der fënnefter Plaz.
Rang | Numm | Verméigen a Milliarden US-Dollar | Quell vum Verméigen | Land |
---|---|---|---|---|
1 | Bill Gates | 56,0 | Microsoft | USA |
2 | Warren Buffett | 52,0 | Berkshire Hathaway | USA |
3 | Carlos Slim Helú | 49,0 | Telmex ë. a. | Mexiko |
4 | Ingvar Kamprad | 33,0 | Ikea | Schweden |
5 | Lakshmi Mittal | 32,0 | Mittal Steel Company | Indien |
6 | Sheldon Adelson | 26,5 | Las Vegas Sands | USA |
7 | Bernard Arnault | 26,0 | Moët Hennessy Louis Vuitton S. A. | Frankräich |
8 | Amancio Ortega | 24,0 | Zara | Spuenien |
9 | Li Ka-shing | 23,0 | Cheung Kong | Hongkong (China) |
10 | David Thomson | 22,0 | The Thomson Corporation | Kanada |
11 | Larry Ellison | 21,5 | Oracle | USA |
12 | Liliane Bettencourt | 20,7 | L'Oréal | Frankräich |
13 | Al-Walid ibn Talal Al Saud | 20,3 | Investments | Saudiarabien |
14 | Mukesh Ambani | 20,1 | Reliance Industries | Indien |
15 | Karl Albrecht | 20,0 | Aldi Süd | Däitschland |
16 | Roman Arkadjewitsch Abramowitsch | 18,7 | Gazprom Neft | Russland |
17 | Stefan Persson | 18,4 | Hennes & Mauritz | Schweden |
18 | Anil Ambani | 18,2 | Reliance Industries | Indien |
19 | Paul Allen | 18,0 | Microsoft | USA |
20 | Theo Albrecht | 17,5 | Aldi Nord | Däitschland |
21 | Azim Premji | 17,1 | Wipro Technologies | Indien |
22 | Lee Shau Kee | 17,0 | Henderson Land Development | Hongkong (China) |
23 | Jim Walton | 16,8 | Wal-Mart | USA |
24 | Christy Walton | 16,7 | Wal-Mart | USA |
25 | S. Robson Walton | 16,7 | Wal-Mart | USA |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Lëscht vun de räichste Leit op der Welt, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.