Mittal Steel Company

Mittal Steel Company N.V.

war 2005 an 2006, vum Volume hir, dee weltgréisste Stolproduzent. D'Gesellschaft huet zu 88% dem Lakshmi Mittal senger Famill gehéiert. Mittal Steel hat hire Sëtz zu Rotterdam, mä gouf vu London aus vum Mittal a sengem Jong Aditya gefouert. Entstanen ass se, wéi Ispat International N.V. d'LNM Holdings N.V. opkaf huet (déi zwou hu majoritär dem Mittal gehéiert) an 2005 mat der International Steel Group Inc. fusionéiert huet.

Mittal Steel Company
Mittal Steel zu Galati

2006 huet se mat der Arcelor zu der Arcelor Mittal fusionéiert.

Mittal Steel huet zulescht 179.000 Leit beschäftegt. 2004 hat se en Ëmsaz vun 22 Milliarden US-Dollar an hat 48 Milliounen Tonne Stol produzéiert. Mittal Steel ass duerch hir Strategie, Stolfirmen, déi schlecht dru waren opzekafen an ze moderniséieren, bannent e puer Joer zum Nummer 1 eropgeklommen.

D'Firma hat Schmelzen a 17 Länner: China, Indonesien, Vereenegt Staaten, Mexiko, Kanada, Frankräich, Däitschland, Polen, Rumänien, Algerien, Südafrika, Tschechien, Bosnien an Herzegowina, Nordmazedonien, Trinidad an Tobago, Kasachstan an an der Ukrain.

De 27. Januar 2006 huet Mittal Steel annoncéiert, 18,6 Milliarden Euro fir d'Arcelor bidden ze wëllen.

Um Spaweck

Tags:

20052006Lakshmi MittalLondonRotterdamStol

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

GréiwelsBlue (Film 1968)Jean-Pierre Flohr2. FebruarBangladeschSpack-O-MatRaymond ClementHypertext Markup LanguageE-BassLëtzebuerger Filmpräis 2021Goldstandard1978Albert BorschetteLeschte SteiwerObligatiounGaston ReineschCroix de Guerre (Lëtzebuerg)Jeannot MetzlerPablo EscobarManneken PisLéif Lëtzebuerger...HäerzRaymond BurrWikimediaElisabeth vun Éisträich-UngarnPortraits d'artistesKarl MarxErnst Wilhelm ContzenEd LauterVerluerekaschtKasachstanIechternachKuwaitStater Tram1146Félix BrazKroatienPafendallMaximilian SchellCoupe de Luxembourg (Foussball)Naomi AyéJohannes VermeerLëscht vun de Membere vum Lëtzebuerger StaatsrotOeillets-RevolutiounFC Syra MensterKleeschenClinique Saint-FrançoisZweete WeltkrichPerl oder Pica (Film)Georges RavaraniDieter DEuropäesch CommunautéitenLycée Hubert-ClémentÄerdbiewenKontraktMediaWikiRond-point Gluck1957RTL Télé LëtzebuergDomaine publicJohn Churchill, 1. Herzog vu MarlboroughLëscht vun de lëtzebuergesche PremierministerenD'MargréitchenDonald TrumpBill GatesCécile WagnerStëbssuckelerKommunikatiounssatellitLëtzebuerg am Zweete WeltkrichJeff SeylerAinhoa AchuteguiGronn (Stad Lëtzebuerg)🡆 More