De Lakshmi Narayan Mittal (och alt Lakshmi Niwas Mittal), gebuer de 15.
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
Juni">15. Juni 1950 zu Sadulpur, am Churu District vu Rajasthan, Indien, ass en indeschen Industriellen. Der Forbes World's Billionaires List no ass hien deen 82 räichste Mënsch op der Welt, mat engem Verméige vu geschate 8,9 Milliarden Dollar.
Lakshmi Mittal | |
---|---|
Gebuer | 15. Juni 1950 |
Nationalitéit | Indien |
Educatioun | Universitéit vu Kalkutta |
Aktivitéit | Geschäftspersoun, Entreprener |
Hien ass de President a PDG vun der Mittal Steel Company NV, dem weltgréisste Stolkonzern.
A Groussbritannien war en 2002 an e politesche Skandal verwéckelt, dee vun der Press Mittalgate genannt gouf. Et goung ëm en Don vun 2 Millioune Brittesch Pond un dem Premier Minister Tony Blair seng Labour Party, deen an den Zesummenhang bruecht gouf mam Blair sengem Intervenéiere beim rumänesche Premierminister, datt d'Rumäne bei engem Geschäft d'Mittal sollte favoriséieren.
De Lakshmi Mittal wunnt zu Kensington, wou hien 2003 fir 70 Millioune Pond (knapps 110 Milliounen Euro) vum Bernie Ecclestone de Kensington Palace ofkaf hat. D'Hochzäitsfeier vu senger Duechter Vanisha zu Vaux le Vicomte an zu Versailles, déi 5 Deeg gedauert huet, huet hie sech 60 Millioune Pond kaschte gelooss. Säi Jong Aditya ass Direkter vu Mittal Steel.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Lakshmi Mittal, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.