D'Iswestija (Известия - Noriichten) ass eng russesch Zeitung, déi sech mat enger Oplo vun 230.000 Exemplaren un déi guttsituéiert Intelligenz a politesch Elite riicht.
Si gouf den 28. Februar (al Zäitrechnung) 1917 zu Petrograd gegrënnt, deemools als sowjetescht Regierungsblat, wéi et schéngt Géigegewiicht zur Pravda, déi als déi offiziell Stëmm vun der Kommunistescher Partei gegollt huet. Ursprénglech huet d'Iswestija d'Positioune vun de Menschewiken an de Trudowike vertrueden.
Haut ass aus hir eng analytesch Zeitung ginn, déi am staark politiséierte russesche Medieraum am rietsen Zentrum steet.
Am Summer 2005 goufe 50,2 % vun den Iswestija-Aktien un de kremlnoe Mediekonzern Gasprom-Media verkaaft.
Commons: Izvestia – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Iswestija, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.