De Ferdinand Rau, genannt Fernand, gebuer de 7.
Oktober">7. Oktober 1940 zu Hesper, a gestuerwen den 2. Juni 1994 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Ekonomist a Politiker.
Fernand Rau | |
---|---|
Gebuer | 7. Oktober 1940 Hesper |
Gestuerwen | 2. Juni 1994 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Ekonomist |
Partei | ADR |
Hie war Bankemployé a vun 1965 bis 1970 Wirtschaftsjournalist am Luxemburger Wort. Vun 1972 bis 1978 war hien Universitéitsdozent.
Politesch war hien Ufanks fir d'CSV aktiv a war vun 1979 un Deputéierten an der Chamber fir déi Partei. Am November 1992 ass hien no engem Sträit ëm d'Plaz als Member vun der Europäescher Kommissioun, deen e versprach awer net kritt hat, aus der CSV aus- an am Mäerz 1993, zesumme mat senger Fra Hilda Rau-Scholtus, an d'ADR agetrueden.
No him ass d'Loi Rau (mam ganzen Numm: Loi visant à favoriser les investissements productifs des entreprises et la création d'emplois au moyen de la promotion de l'épargne mobilière) genannt, déi Virbild fir änlech Gesetzer a Frankräich an an der Belsch gouf.
De Fernand Rau ass un de Follge vun engem Autosaccident gestuerwen.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Fernand Rau, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.