Hesper ass eng lëtzebuergesch Uertschaft an den Haaptuert vun der Gemeng Hesper am Kanton Lëtzebuerg.
Hesper | |
---|---|
Aussprooch | |
An anere Sproochen | fr: Hesperange de: Hesperingen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Lëtzebuerg |
Gemeng | Hesper |
Buergermeeschter | Marc Lies (CSV) |
Awunner | 2.804 |
1. Januar 2021; 1. Januar 2022; 1. Januar 2023 | |
Koordinaten | 49° 34’ 23’’ N 06° 09’ 19’’ O |
Hesper läit um nërdlechen Enn vum Uelzechtdall, just do wou de Floss ufänkt an e schmuelen Dall gequëtscht ze ginn, deen déi eng Säit vum Plateau vum Houwald an déi aner Säit vum Holleschbierg a vum Bloebierg gebilt gëtt.
Zu Hesper leeft vun der lénkser Säit d'Drosbech an d'Uelzecht
Duerch Hesper leeft d'Nationalstrooss N3, déi op hirer ganzer Längt zu der Voie de la Liberté gehéiert. Fir d'Uertschaft vum Duerchgangsverkéier z'entlaaschten, gëtt eng Ëmgeeungsstrooss geplangt, déi südlech vun Alzeng an engem grousse Bou no Westen dréint an dann um Houwald op déi nei N3 stousse soll.
Hesper war zur Zäit vum Premier Empire e Kantonalhaaptuert am Département des Forêts.
Vum 20. Februar 1882 bis den 22. Mee 1955 war Hesper iwwer eng Schmuelspuerbunn, de "Jangli", deen d'Streck Lëtzebuerg-Réimech gefuer ass, ugebonnen.
Commons: Hesper – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Hesper, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.