Canberra ass d'Haaptstad vun Australien, an huet méi wéi 350.000 Awunner.
Canberra | ||
---|---|---|
Land: | Australien | |
Bundesstaat: | ACT | |
Koordinaten: | 35° 18' 00" S 149° 07' 00" E | |
Fläch: | 805,6 km² | |
Awunner: | 367.752 (31. Juli 2012) | |
Bevëlkerungsdicht: | 456 Aw./km² | |
Héicht: | 505 m | |
Zäitzon: | UTC+10 |
Si ass, wéinst Rivalitéiten tëscht Sydney a Melbourne ëm 1908 als Haaptstad gewielt ginn, an d'Bauaarbechten hunn den 20. Februar 1913 ugefaangen. D'Stad, déi fir sou wéineg Awunner eng iwwerduerchschnëttlech grouss Fläch huet (se ass fofzéngmol méi grouss wéi d'Stad Lëtzebuerg), ass a 7 verschidde Bezierker opgedeelt. Déi si lues a lues am Laf vum 20. Joerhonnert besidelt ginn, a bestinn hirersäits erëm aus verschiddene Quartieren:
D'Stad läit am Australian Capital Territory (ACT). Si ass 150 km vun der australescher Ostküst ewech, 286 km südwestlech vu Sydney a 669 km nordëstlech vu Melbourne.
|
|
Canberra huet en temperéiert Klima, mat véier verschiddene Joreszäiten. Am Duerchschnëtt ass et allerdéngs méi waarm wéi a Mëtteleuropa. Am Summer, virun allem am Januar, kann et duerchaus och mol gutt an déi 30 °C ginn. De fiichteste Mount ass am Fréijoer den Oktober mat 65,3 mm Nidderschlag, an den dréchenste Mount ass am Hierscht/Wanter de Juni, mat 39,6 mm. Schnéifall op der anerer Säit ass e raart Evenement, an ass bis elo eréischt zweemol observéiert ginn, obwuel et reegelméisseg fréiert.
Commons: Canberra – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Canberra, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.