D'Biergerkräiz ass eng Plaz am Gréngewald, an der Gemeng Steesel, op deem véier Bëschweeër zesummekommen.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Plaz Beim Biergerkräiz am Gréngewald. Fir de Lieu-dit um Bord vum Bambësch, kuckt wgl. Biergerkräiz. |
Op der Plaz steet e Weekräiz dat der Plaz hiren Numm gëtt.
Biergerkräiz | |
---|---|
D'Biergerkräiz am Gréngewald | |
Aussprooch | |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Lëtzebuerg |
Gemeng | Steesel |
Buergermeeschter | Fernand Marchetti (LSAP) |
Koordinaten | 49° 40’ 45.7’’ N 06° 12’ 20.5’’ O |
D'Biergerkräiz läit op enger Héicht vun zirka 412 m (NG-L), süd-ëstlech vun der Dujangsbrak, an der Kadastersektioun Heeschdref vun der Gemeng Steesel.
D'Originne vum Biergerkräiz sinn net ganz kloer. Et gëtt ugeholl, datt d'Biergerkräiz eppes mam Schlass Buerglënster ze dinn huet. Den Demonym fir d'Awunner aus der Buerg ass Bierger. Méiglecherweis huet d'Biergerkräiz dem Schlasshär vu Buerglënster als Geriichtskräiz, d. h. als Zeechen datt hien Här vum Geriicht ass, gedéngt. Et kéint awer och e reliéist Zeeche sinn, dat vun der Par Buerglënster opgeriicht gouf.
Commons: Biergerkräiz (Steinsel) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Biergerkräiz (Gréngewald), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.