Astérix ass eng Serie vu franséische Comicalbume vum Albert Uderzo (Zeechnungen) a René Goscinny (Texter).
D'Haaptpersonnagë sinn den Asterix an den Obelix, säi beschte Frënd. Den Asterix huet säin Numm vum franséische Wuert "astérisque" (*).
Astérix
Den Obelix (Mëtt uewen), Asterix (Mëtt ënnen), an aner Personnagen
Ass en(g)
Comicserie
Besteet aus
Den Astérix an d'Goten, Den Astérix als Gladiateur, Astérix et Cléopâtre, Den Astérix op der Olympiad, Den Astérix bei den Helveten, La grande traversée, Obélix et compagnie, Den Astérix bei de Belsch, Le grand fossé, Dem Astérix séng Odyssee, Dem Astérix säi Jong, Den Astérix beim Dranazàhd, Den Astérix d'Rous an d'Schwert
Mir sinn am Joer 50 vru Christus. Ganz Gallien ass vun de Réimer besat... Ganz? Neen! Ee gallescht Duerf wiert sech nach ëmmer verbruet géint d'Réimer, an do komme se net eran. An d'Garnisounsliewen ass net liicht fir d'Légionären an de verschanzte Lagere vu Babaorum, Aquarium, Laudanum a Petibonum.
Sou fänkt all Geschicht mam Asterix a senge gallesche Kolleegen un. An effektiv gëtt een net fäerdeg mat ziele wann ee sech d'Onmass vu Réimer ukuckt, déi ëmmer sou duerch d'Géigend fléien.
Geschichtleches
De Comic ass 1959 an der Zäitschrëft Pilote fir d'éischt erauskomm.
De Succès léisst sech virun allem erkläre well all Mënsch iergendwéi matlaache kann, ob dat elo d'Kläppereie mat de Réimer sinn, oder Anachronismen wéi datt Lutezia am Stau ënnergeet. Natierlech duerf een déi immens Wuertspiller net vergiessen, déi een ë. a. an den Nimm erëmfënnt.
Vum Album Le grand fossé (1980) un huet den Albert Uderzo nom Doud vum René Goscinny eleng weidergemaach. 2013 huet den Uderzo mam Molen opgehalen; zanterhier ginn déi nei Asterix-Aventurë vum Didier Conrad gemoolt, no engem Zenario vum Jean-Yves Ferri.
D'Häre Goscinny an Uderzo hale sech natierlech net ganz un d'historesch Tatsaachen, a sou ass de Comic voll mat falsche Biller iwwer d'Gallier:
d'Endung vun den Nimm an ix: nëmme verschidde Cheffen haten en Numm dee mat rix opgehalen huet (vum laténgescherex).
all d'Hütten hunn e Schaarschtech, dobäi hunn d'Gallier dat guer net kannt.
den Druid Panoramix huet ëmmer säin Zeremoniekleed un.
Albumen
Lëtzebuergesch Iwwersetzungen (vum Lex Roth) sti bei de respektiven Albumen hannendrun.
Astérix le Gaulois (éischt Publikatioun: 1959 - éischt Albumseditioun: 1961)
Et goufen och bis ewell 4 Filmer gedréint. Den Asterix gouf vun 3 verschiddene Schauspiller interpretéiert, den Obelix do dergéint gouf an hinnen alle 4 vum Gérard Depardieu verkierpert:
Astérix et Obélix contre César (1999) vum Claude Zidi mam Christian Clavier als Astérix
Astérix & Obélix: Mission Cléopâtre (2002) vum Alain Chabat mam Christian Clavier als Astérix
Astérix aux Jeux Olympiques (2008) vum Frédéric Forestier an Thomas Langmann mam Clovis Cornillac als Astérix
Astérix et Obélix: Au service de sa Majesté (2012) vum Laurent Tirard mam Édouard Baer als Astérix
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Astérix, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses. ®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.