Marcel Oberweis: Lëtzebuergesche Politiker an Ingenieur

De Marcel Oberweis, gebuer den 9.

Abrëll 1949 zu Diddeleng, ass e lëtzebuergeschen Ingenieur an CSV-Politiker.

Marcel Oberweis
Marcel Oberweis: Lëtzebuergesche Politiker an Ingenieur
Gebuer 9. Abrëll 1949
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Ingenieur
Partei CSV
Famill
Kanner Nathalie Oberweis
Marcel Oberweis: Lëtzebuergesche Politiker an Ingenieur

Hien ass 1968 an d'CSV agetrueden, wou hie sech an den éischte Joren haaptsächlech bei der Parteijugend engagéiert huet. Hei huet sech zemoolss fir eng besser Politik am Domän vun de Mënschenrechter agesat, virun allem an deene Länner, déi deemools massiv ënnert der Kolonialzäit ze leiden haten. Dësst Theema sollt hien a sengem spéideren Liewe weider begleeden.

De Marcel Oberweis hält den akadeemeschen Titel "Prof. Dr.- Ing". Hien huet vun 1979 bis 2004 Ëmweltwëssenschaften an Energiewirtschaft um Institut supérieur de technologie a spéider op der Universitéit vu Lëtzebuerg ënnerriicht. Hie publizéiert reegelméisseg am Luxemburger Wort Artikelen iwwer déi komplex Zesummenhäng vun der Globaliséierung. Zenter 2003 bedeelegt hie sech un humanitären Aktiounen a Bosnien-Herzegowina, um Balkan an am Burkina Faso mat der Associatioun Chrëschte mam Sahel.

Hien ass zanter dem 3. August 2004 Deputéierten aus dem Walbezierk Zentrum an der Chamber, wuer hien 2009 an 2013 erëmgewielt gouf. Op internationalem Plang ass hie Member vum Benelux-Parlament, wou hien de Vizepresident vun der Lëtzebuerger Delegatioun ass. Aktuell ass hie Vizepresident vun der parlamentarescher Kulturkommissioun, an där hien och schonn an der viregter Legislaturperiod (2009-2013) aktiv war. Fir d'Chamberwalen 2018 huet hien net méi kandidéiert.

Hien ass zanter dem 1. Januar 1994 Conseiller an der Gemeng Steesel. No de Walen 2011, wéi d'CSV eng Koalitioun mat der LSAP gemaach huet, gouf hien zum 1. Schäffe vun der Gemeng ernannt. Den 31. Dezember 2016 ass hie vun där Plaz zeréckgetrueden, a vum Jean Rossy ersat ginn.

De Marcel Oberweis ass bestuet a Papp vun 2 erwuessenen Duechteren, dorënner d'Nathalie Oberweis.

Gielchen

Referenzen

Tags:

19499. AbrëllChrëschtlech-Sozial VolleksparteiDiddeleng

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

AustralienLëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften, Häff a Lieu-ditenPoison (Film 2023)Gast RollingerLongenentzündungLëtzebuergeschTony DutreuxD'Margréitchen51Édouard Kutter (1887)Frank HippertFacebookBotanikSiddhartha GautamaMelickshaffMathias SchiltzNationalstrooss 50Xavier BettelGeschmaachInstitut polytechnique de ParisNaturFLuc MartelingGemeng MunnerefT the BossSchëld F, 12Durchs wilde Kurdistan (Film)Demokratesch Republik KongoVincent Artuso10Bill GatesHelmut KäutnerStaatsrot (Lëtzebuerg)Scott McKenzieTim HensgenGesetzGriichelandHandelsregësterBiergbau zu LëtzebuergLex BarkerCaspar Mathias SpooSchëld F, 18aEtymologieEifeler ReegelBernard BuffetCoco ChanelHaaptsäit/Artikel vun der WochPlëss d'AremJean CalvinAlain KinschLiteraturJules WernerRiesenhaffCetonia aurataChrëschtentumMarco PoloHypertext Markup LanguagePortugalNorbert BeckerFléiz (Waasserbau)TamilLëtzebuerg am Zweete WeltkrichHaaptsäit/WDS-ArchivJackson PollockDrottnar🡆 More