Astérix ass den Numm vum éischte franséische Satellit.
E gouf de 26. November 1965 vun Hammaguir aus, mat enger Drorakéit vum Typ Diamant A an en Orbit bruecht, an deem en haut nach misst sinn, well seng passiv Liewensdauer (Zäit bis en nees an d'Äerdatmosphär antrëtt) e puer honnert Joerhonnerten dauere soll. Deen 42 Kilogramm schwéieren Astérix war deen éischten Äerdsatellit deen ouni Hëllef vun den USA oder der deemoleger UdSSR gestart gouf. Trotz enger beschiedegter Antenn hat de Satellit zwéin Deeg laang Signaler geschéckt.
Astérix (Satellit) | |
---|---|
Land | Frankräich |
Agentur | CNES |
Apogeum | 1697 km |
Perigeum | 527 km |
Bunnschréi | 34,3° |
Bunn-Ëmlafzäit | 107,5 min |
Mass | 42 kg |
Start | 26. November 1965, 09:52 UTC |
Startplaz | Hammaguir (Algerien) |
Drorakéit | Diamant A |
Status | inaktiv |
De Satellit, deem säi Produktiounsnumm A-1 (A fir armée) war, gouf vum Konstruktiounsteam no der Comicfigur Asterix genannt.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Astérix (Satellit), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.