D'Emily Elizabeth Dickinson, gebuer den 10.
Dezember">10. Dezember 1830 zu Amherst, am Massachusetts, an och do de 15. Mee 1886 gestuerwen, war eng US-amerikanesch Dichterin. Si gëllt haut als eng vun de bedeitendsten Dichterinnen aus hirem Land. Hir Gedichter, déi eréischt 1890 no hirem Doud publizéiert goufen, schénge stilistesch dacks an d'20. Joerhonnert virzegräifen.
Emily Dickinson | |
---|---|
Gebuertsnumm | Emily Elizabeth Dickinson |
Gebuer | 10. Dezember 1830 Amherst |
Gestuerwen | 15. Mee 1886 Amherst |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Mount Holyoke College |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Dichter, Gäertner |
Si huet ganz zeréckgezu gelieft, an hat just mat engem Grappvoll Leit Kontakt.
Hir éischt Gedichter si vun 1850, déi se vun ongeféier 1858 un an engem Heft gesammelt huet. Vun 1860 bis 1870 huet si am meeschte geschriwwen, huet do awer schonn ënner Elengsinn a Krankheet gelidden. Déi éischt posthum Editioune vun hire Gedichter goufen dacks am Text vum Editeur verännert, eréischt 1955 koum déi éischt kritesch Gesamteditioun vun hirem Wierk an dräi Bänn ënnert dem Titel The Poems of Emily Dickinson, Ed. Th. H. Johnson (Cambridge, Mass.) eraus.
Theemen, déi dacks bei hir erëmkoumen, sinn d'Natur, Léift, Doud an Erwaardung vum Doud, Onstierflechkeet, Verzicht, an d'Transzendenz vun der Zäit.
Commons: Emily Dickinson – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Emily Dickinson, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.