Geschicht

D'Geschicht ass de Studium, d'Relatioun an d'Interpretatioun vun der Vergaangenheet.

Den Numm huet als Urspronk dem Herodot seng Enquêten, Historiai op Griichesch awer et ass den Thukydides, dee fir d'éischt "wëssenschaftlech" Methoden an der Historiographie benotzt huet.

"Geschicht" bezeechent all d'Perioden, déi eis iwwer schrëftlech Spuere bekannt sinn, déi Periode, fir déi mir keng schrëftlech Quellen hunn, sinn d'Virgeschicht oder d'Protogeschicht.

Geschicht als Wëssenschaft

Liest dozou den Artikel Historiographie.

Hëllefswëssenschaften

D'Veraussetzunge ginn erfuerscht

  • Historesch Geographie, d'Léier vum Raum
  • Chronologie, d'Léier vun der Zäit
  • Genealogie, d'Erfuerschung vun der Famill oder Ofstamung

D'Quelle ginn erfuerscht

  • Allgemeng Quellefuerschung, d'Léier vun de Quellen iwwerhaapt
  • Dokumentefuerschung oder Diplomatik
  • Actefuerschung, d'Léier vun de Schrëftstécker
  • Paleographie, d'Léier vun de schrëftgeschichtleche Formen
  • Heraldik, d'Léier vun de Wopen
    • Woperecht
  • Numismatik, d'Léier vun de Mënzen, inkl. hir Geschicht (histoire de la monnaie)
    • Mënzerecht
  • Sphragistik oder Sigillographie, d'Léier vun de Sigelen
    • Sigelrecht
  • Epigraphie, d'Léier vun den Inskriptiounen

Nopeschwëssenschaften

Geschicht no Perioden

D'Haaptperioden no deene mir d'Geschicht ënnerdeele sinn:

Bei der Modern an der Neizäit hänkt et vum Land af. Dës Terminologie ass vum franséischen iwwerholl (époque moderne, époque contemporaine), am däitschen ass et genee ëmgedréint (Neuzeit, Moderne respektiv Zeitgeschichte).

Aner Andeelungen

Geschicht kann och geographesch agedeelt ginn: amerikanesch, asiatesch, ... Geschicht.

Geschicht ënnerdeelen hëlleft zwar, sech e Repère ze schafen, fir sech z'orientéieren, allerdéngs sinn och Schwieregkeeten domat verbonnen: Wou hält wat fir en Zäitalter op? Ass de Kolumbus oder de Gutenberg wichteg fir d'japanesch Geschichtsschreiwung? Wéini fänkt Zäitgeschicht un? Mat den "Zäitzeien", déi eis zur Verfügung stinn? All Andeelung a Perioden ass ëmmer diskutabel, an ass natierlech länner- oder regiounspezifesch.

Um Spaweck

Commons: Geschicht – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

Geschicht als WëssenschaftGeschicht HëllefswëssenschaftenGeschicht NopeschwëssenschaftenGeschicht no PeriodenGeschicht Aner AndeelungenGeschicht Um SpaweckGeschichtHerodotThukydides (Historiker)

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

George S. Patton1984Minettsgéigend31EnzyklopedieIranCharles ArendtEgbert vu WessexPaul KirpsJyrki KatainenDéi zwéi vum BiergJemenUkrainesch1162OphiuchusFukuokaPakistanÄishellegWebbrowserCOVID-19-PandemieCoco ChanelColumba (Stärebild)Waldbëlleger AffärVeianenKappa (Rakéit)2012Sennenger SchlassSpektrographPerseus (Stärebild)Mëttwoch1993Jean FetzHimmelsdéierchen, fléi!FräihandelszonOeillets-RevolutiounLéon LavalAntoinette ReuterAlerte au SudWale fir d'Europäescht Parlament 2024 (Lëtzebuerg).giÉischte WeltkrichPescatore (Famill)Militär197123. AbrëllFoussball ÉierepromotiounBerylliumJohn FischVereenegt Staate vun AmerikaUerdnung (Biologie)Haidy JacobiMédaille de la reconnaissance nationaleJean CalvinKallisto (Mound)Ronald Reagan.by1901HebräeschMonoceros (Stärebild)Tom HanksAuteursrechtMaurice Molitor🡆 More