Téiteng ass eng Uertschaft an der Gemeng Keel.
Téiteng | |
---|---|
Parkierch vun Téiteng | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen | fr: Tétange de: Tetingen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Esch-Uelzecht |
Gemeng | Keel |
Buergermeeschter | Jean Weiler (CSV) |
Awunner | 3.884 |
2019 | |
Héicht | 300 m |
Koordinaten | 49° 28’ 36’’ N 6° 2’ 22’’ O |
E steenzäitlche Site gouf um Hesselsbierg fonnt, fir genee ze sinn am Flouer Mertesbuer op der Plaz "Huffeisen",.
Fir déi gallo-réimesch Zäit gëtt et am Géigesaz zu Keel keng grouss Besidelung vum Raum Téiteng. Dat ännert sech wuel eréischt a fränkescher Zäit (no 459), well d'Endung -eng vum Uertschaftsnumm weist op eng al fränkesch Siidlung hin, déi warscheinlech vun der Sippschaft ëm en Tato, Teto, Teti oder Tetinc gegrënnt gouf.
1245 gëtt Téiteng fir d'éischt an engem Akt ernimmt. D'Schreifweis ännert nach stoark mat der Zäit: Cetenges, Tetenges, Thetingen, Tetyngen, Tettange an absënns Tettingen.
Deemools huet Téiteng zesumme mat Keel, Rëmeleng a Morweng zur Herrschaft Zolwer gehéiert, déi fir kuerz Zäit ënnerbrach gouf duerch en Aarm vun den Häre vun Zolwer déi eng eegen Herrschaft Keel gegrënnt hunn, déi awer duerno nees gréisstendeels an der Herrschaft Zolwer opgaangen ass. Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Keel#Vu Grofen a Ritter.
D'Téitenger waren an der Feudalzäit all Leifeegener, bis datt an der Habsbuerger Zäit 1782 de Keeser Jousef II. d'Leifeegeschaft ofgeschaaft huet.
Wéi d'Minett am 19. Joerhonnert erëmentdeckt gouf, do koum et och zu Téiteng zu enger Bevëlkerungsexplosioun.
|
|
|
|
Commons: Téiteng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Téiteng, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.