De Jean-Pierre Nuel, gebuer de 27.
Februar">27. Februar 1847 zu Téiteng a gestuerwen den 21. August 1920 zu Léck, war e lëtzebuergesch-belschen Dokter an der Medezin, spezialiséiert als Ophtalmolog (Aendokter) a Physiolog.
Jean-Pierre Nuel | |
---|---|
Gebuer | 27. Februar 1847 Téiteng |
Gestuerwen | 21. August 1920 Léck |
Nationalitéit | Lëtzebuerg, Belsch |
Aktivitéit | Aendokter, Physiolog, Fotograf |
De Jean-Pierre Nuel huet 1870 säi Studium op der Universitéit vu Gent mat engem Doktertitel ofgeschloss. Duerno huet hien och zu Lëtzebuerg (1870-1871) déi noutwendeg Exame gemaach, fir do kënnen ze praktizéieren. Duerno huet hien zu Bonn, Wien an Utrecht weiderstudéiert a sech spezialiséiert, zu Utrecht beim Aendokter Franciscus Cornélius Donders (1818 - 1889), dee säi Virbild gouf an deen hie virun orientéiert huet.
Zeréck am Land, huet hie sech zu Eech (haut Stad Lëtzebuerg) etabléiert a war dräi Joer laang Hausdokter (Omnipracticien). Gläichzäiteg ass hie mat senge Publikatioune virugefuer.
Seng Artikele goufe virun allem am Dictionnaire encyclopédique des sciences médicales vum Dechambre publizéiert,an hu sech ë. a. mat dem Wimpermuskel (anatomie comparée), der Netzhaut (Anatomie a Physiologie), dem A (Anatomie, Physiologie an Embryogénie), der Ophtalmie sympathique befaasst.
Nom fréien Doud vum Léon Noël am Joer 1877 huet d'Universitéit vu Léiwen Appel un hie gemaach an e mat der Direktioun vun hirer Aeklinick an der Klinick fir Syphilis- an Hautkrankheete chargéiert. Well hien awer zu Léiwen keng Méiglechkeet hat, fir mat senge Recherchë virunzefueren, huet en dräi Joer duerno demissionéiert, an zu Gent de vakante Poste vu Professer an der Physiologie besat.
1885 ass hien dunn an d'Successioun vum Ophtalmolog Fuchs zu Léck agetratt. Zousätzlech huet hien, um Héichpunkt vu senger Carrière, de Physiologie-Cours an Zesummenaarbecht mat dem bedeitende Léon Fredericq iwwerholl.
1885 huet hien déi belsch Nationalitéit ugeholl.
Fir un hien z'erënnere gouf zu Téiteng, no der Restauration 2011, d'Primärschoul op den Numm École Jean-Pierre Nuel gedeeft.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Jean-Pierre Nuel, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.