Michigan: US-Bundesstaat

De Michigan ass e Bundesstaat am Norde vun den USA.

Michigan: Geographie, Ekonomie, Biller Dëse Geographiesartikel iwwer d'USA ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Michigan
Michigan: Geographie, Ekonomie, Biller Michigan: Geographie, Ekonomie, Biller
(Detailer) (Detailer)
Spëtznumm: Great Lakes State
Michigan: Geographie, Ekonomie, Biller
Lëscht vun alle Bundesstaaten
Haaptstad: Lansing
Gréisst Stad: Detroit
Gouverneur: Gretchen Whitmer
Fläch:
 - Total:
 - Waasser:
Op 11. Plaz
250.494 km²
41,27 %
Bevëlkerung:
 - Total:
 - Dicht:
Op 10. Plaz
10.077.331 (2020)
39,4/km²
Opgeholl als Memberstaat: 26. Januar 1837 (26ten)
Zäitzon: UTC-5 bis -4

De Michigan ass zanter dem 26. Januar 1837 de 26. Bundesstaat vun den USA. Den Numm kënnt vu mishi-gami, e Wuert aus der Sprooch vum Indianerstamm vun de Anishinabe dat Grousse Séi bedeit.

Geographie

De Michigan grenzt am Norden an am Osten un d'kanadesch Provënz Ontario, am Süden un den Ohio an den Indiana, am Westen un de Minnesota (zu dem awer keng Landgrenz besteet, de Lake Superior mécht d'Grenz)an de Wisconsin an am Südweste grenzt en un den Illinois (zu dem och keng Landgrenz besteet, do ass de Michiganséi d'Grenz). De Michigan huet 83 Counties.

De Michigan ass dee Staat aus den USA mat dem gréisste Waasserundeel. Déi fënnef Grouss Séien, vun deenen der véier am Michigan leien, sinn déi gréisst Grupp vu Séisswaasserséien op der Äerd. De Michigan ass och den eenzege Staat an den USA deen an zwee gedeelt ass, duerch de Michiganséi.

Gréisst Stied

  • Detroit
  • Grand Rapids
  • Warren
  • Sterling
  • Lansing

De Michigan gehéiert zum sougenannte Rust Belt, wou zanter den 1950er Joren d'Populatioun nëmme lues wiisst oder souguer réckleefeg ass. Vun 2000 op 2010 ass d'Bevëlkerung vum Michigan fir déi éischt Kéier zeréckgaangen.

Ekonomie

D'Industrie an den Tourismus sinn déi zwou Branchen déi am meeschten Ëmsaz maachen. Detroit ass de wichtegsten Zentrum wat d'Autoindustrie ugeet: Ford, Chrysler a General Motors hunn do hire Sëtz. Déi grouss Séien zéien all Joer Milliounen Touristen un.

Biller

Um Spaweck

Commons: Michigan – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

Michigan GeographieMichigan EkonomieMichigan BillerMichigan Um SpaweckMichigan183726. JanuarBundesstaat vun den USAVereenegt Staate vun Amerika

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

GriichelandDäitschlandKommunikatiounssatellitLëscht vun de lëtzebuergesche Bäiträg beim Eurovision Song ContestKetty ThullHoratio NelsonMichel LegrandDomaine publicÄerdbiewen21. Juni5. MeeWikimediaGëlle FraDagDesniéHomsDonald TrumpKierch HeischentLëtzebuergesch KichespezialitéitenPafendallZweete WeltkrichMoskauZeie vum JehovaWebsäitUruguayJean-Antoine ZinnenCharles ArendtGeorge III. vum Vereenegte KinnekräichPéckvillchenMarie-Antoinette vun ÉisträichWaldbëlleger AffärGaston ReineschDavid GoldrakeGewerkschaftKatalouneschKanton DikrechCathy ClementCharlotte vu LëtzebuergBlogBuerg SimmerFrancis of DeliriumSankt Péitersbuerg6. AbrëllBangladeschRégis MoesRaymond ClementHong KongKleeschenInternationale WärungsfongEsch-UelzechtLeschte SteiwerRomain BauschLëtzebuerger Filmpräis 2021KlëppelkrichZypernJoresofschlossSchwäizKarl MarxCorinna HarfouchVera TschechowaRéimech16. AbrëllLyme-BorreliosYouTubeEric ThillKrichRTL Télé LëtzebuergPozuelo de AlarcónHollandFeil🡆 More