De Michel Platini gebuer den 21.
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
Juni">21. Juni 1955 zu Jœuf, an der Meurthe-et-Moselle, gëllt als ee vun de beschte franséische Foussballisten. Hie krut dräimol de Ballon d'or (1983-1985) a gouf 1976 an 1977 vu France Football als franséische Foussballist vum Joer gewielt.
Michel Platini | |
---|---|
Gebuertsnumm | Michel François Platini |
Gebuer | 21. Juni 1955 Jœuf |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Foussballspiller, Foussballtrainer |
Positioun oder Spezialitéit | Mëttelfeldspiller |
Gréisst | 179 Zentimeter |
Gewiicht | 74 kg |
Veräin/Ekipp | Juventus Football Club, Franséisch U-21-Foussballnationalekipp, Franséisch Foussballnationalekipp |
Famill | |
Papp | Aldo Platini |
Kanner | Marine Platini |
Zanter dem 26. Januar 2007 ass hie President vun der UEFA a Vizepresident vun der FIFA.
De Platini huet mat 10 Joer a sengem Heemechtsuert ugefaange mat Foussball spillen. 1972 huet en d'Divisioun gewiesselt a goung bei den Éischtdivisiounsclub Nanzeg spillen, a gouf mat deem Veräin 1978 franséische Coupe-Gewënner.
Duerno goung hien 1979 bei den AS Saint-Étienne, mat deem e 1981 franséische Landesmeeschter gouf.
1982 ass en op Turin bei d'Juventus geplënnert. Seng gréisst Erfolleger mat där Ekipp waren 1983 d'italienesch Coupe an 1984 a 1986 d'italienesch Meeschterschaft.
1984 huet hie mat Turin d'Europa-Coupe vun de Coupe-Gewënner gewonne mat engem 2:1 géint den FC Porto, an 1985 d'UEFA Europa-Coupe vun de Landesmeeschteren duerch een 1:0 géint Liverpool, a d'Coupe du Monde.
Hie war och dräi Joer hannerenee beschte Buteur an Italien (1983, 1984 a 1985) an d'Juventus huet hien zum beschte Bianconero vun allen Zäiten ernannt.
An der franséischer Nationalekipp huet hie vu Mäerz 1976 bis Abrëll 1987 gespillt, an huet an där Zäit 72 Lännerspiller gespillt. 1984 huet hien als Kapitän vun där Ekipp d'Foussball-Europameeschterschaft gewonnen a gouf och bei dëser EM beschte Buteur mat 9 Goler. Am Joer 1988 war hien och am Kader vun der kuwaitescher (Sic!!!) Foussballnationalekipp an huet eemol fir dëser Nationalekipp gespillt.
De Michel Platini war ee Mëttelfeldspiller a Fräistoussspezialist. Ënner dem Trainer Michel Hidalgo huet hien zesumme mam Alain Giresse, Jean Tigana a Luis Fernández sou staark am Mëttelfeld gespillt datt si den Numm Carré magique kruten.
1987 huet de Platini opgehale mat Spillen, a war duerno vun 1988 bis 1992 Trainer vun der franséischer Nationalekipp.
1999 gouf hien an d'Lëscht vun de Gloires du sport opgeholl.
Commons: Michel Platini – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Michel Platini, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.