November">14. November 1874 am Pafendall, gestuerwen de 15. Juni 1963 zu Iechternach an do begruewen, war e lëtzebuergesche Museker.
Nom Ofschloss vu sengem Studium op de Conservatoirë vu Köln a Paräis krut hien 1899 eng Ustellung als Organist an der Basilika vun Iechternach an huet déi sougenannt "Musikschull" vun der Stadmusek geleet. Vun 1901 un huet hien als "maître de musique" Musek, a vun 1912 un och Gesank, am Iechternacher Kolléisch enseignéiert, wou hien donieft d'Studentemusek dirigéiert huet. Am September 1939 krut hie seng Pensioun als Museksprof, huet awer op ausdréckleche Wonsch vum Direkter vum Kolléisch nach bis de Juli 1940 weidergeschafft.
Vun 1899 bis 1939 war hien den Dirigent vun der Iechternacher Stadmusek, Am Joer 1910 huet hien de "Sängerbond" gegrënnt, e lokale weltleche Chouer, dee vun der Gemeng ënnerstëtzt gouf. Hie war och Verbandsdirekter vum Lëtzebuerger Adolph-Verband.
Hien huet Kaméidisstécker geschriwwen a Lidder a Melodië komponéiert, dorënner musikalesch Intermezzi a Lidder fir d'Theaterstécker vum Isi Comes. Hien huet och Liddertexter vum André Duchscher a vum Batty Weber (z. B. D'Lidd vum Muselgréchen) vertount; hien huet och d'Melodie vun der Sprangpressioun nei arrangéiert. Ganz besonnesch beléift zu Iechternach ass säi Lidd Kän schinner Stad (Weis: Max Menager, Text: Isi Comes).
Hie war de Jong vum Laurent Menager.
Den 22. Juni 1997 ass am Iechternacher Stadpark eng Büst vum Max Menager, déi de Georges Calteux entworf huet, ageweit ginn.
Gielercher
Wierker
- Den Anti-Alkoholiker oder E misteriöse Schâf. Schwank an engem Akt. 1917
- D'Pankuchsfe'wer oder De' brav Amerikaner. Kome'de'stëck an engem Akt. 1920.
- Opgestéckt. Theaterstéck an engem Akt. 1947
- D'Madame dét hiren Hutt un. E löschtegt Stéck an engem Akt mat Gesank. 1950.
Um Spaweck
Literatur
- Blasen, L., 1988. Lëtzebuerger Komponisten. In: 125 Joer Lëtzebuerger Stadmusek. Lëtzebuerg, Sankt-Paulus-Dréckerei, S. 23-191
- Delleré, M., 1992. Max Menager, professeur de musique au Gymnase d'Echternach, 1874-1963. In: Harmonie municipale Echternach. 1872-1972: témoignages et présences. Luxembourg, S. 20-21.
- Didier, N., 1926. Le gymnase d'Echternach de 1901 à 1926. Travail statistique. J. Beffort, Luxembourg, 63 S. (Max Menager: S. 26).
- Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, zesumme mat Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit a Frank Wilhelm, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. 687 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-06-1. (Max Menager: S. 413).
- Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, en collaboration avec Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit et Frank Wilhelm, 2010. Dictionnaire des auteurs luxembourgeois. 697 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-20-7. (Max Menager: S. 407-408).
- Hausemer, G. 2006. Luxemburger Lexikon. Das Großherzogtum von A–Z. Éditions Binsfeld, Luxembourg, 479 S. (Max Menager: S. 292).
- Heintz, J., 1997. Echternach: Einweihung einer Büste zu Ehren von Max Menager. Luxemburger Wort 1997 (26. Juni), S. 17. (JH)
- Heuertz, F., 1922. Le personnel de l'enseignement moyen ou secondaire du Grand-Duché de Luxembourg 1839-1922 (1er août). Imprimerie St.-Paul, Luxembourg, VIII, 79 S. (Max Menager: S.38).
- Juncker, M. & M. Lorenz, 1999. Eechternoach, schi Steedchen. E Léiderbouch mat Anekdoten a Kommentäre voam Marcel Lorenz mat CD fär ze laousteren a matzesangen. [Virwuert:Jos. A. Massard]. Ville d'Echternach, 100 S. + Audio-CD.
- Krier, G., 1982. Markante Persönlichkeiten aus Pfaffenthal. In: 125 Jor Sang a Klang Pafendall. Print-Service, Luxembourg, S. 61-63.
- Lang, C., 1967. Le personnel de l'enseignement secondaire et supérieur du Grand-Duché de Luxembourg, 1839-1922. Travail statistique de Félix Heuertz (1922), complété par Charles Lang (1967). Publications du Ministère de l'Éducation nationale, Luxembourg, S. 1-125.
- Lorenz, M., 1997. Mein persinnlich Erënnerungen oan de Max Menager (1874-1963). In: Harmonie municipale Echternach. 1872-1997: témoignages et présences II. Luxembourg, S. 103-122.
- Schritz, P., 1981. Max Menager (1874-1963). Erinnerungen. In: P. Schritz & A. Hoffmann: Abteistadt Echternach. Echternach, cité abbatiale. Impr. St-Paul, Luxembourg, S. 331-335.
- Spedener, G, 1937. Die im Luxemburger Lande lebten und webten. Biographische Notizen. Grevenmacher, P. Faber, 106 S. (Max Menager: S. 59).
- Wilhelm, F., 1992. Nos professeurs écrivains. In: Festschrëft 150 Joër Iechternacher Kolléisch (1841-1991). Impr. St Paul, Luxembourg, S. 427-464.
- Wilhelm, F., 1997. An der Eechternoacher Geschicht gebliedert…(32): E Brostbild fär de Menagers Max. In: Die Warte, Nr. 20/1813.
Referenzen
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Max Menager, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.