De Lee Kuan Yew (Chineesesch: 李光耀 - Lǐ Guāngyào), och Lee Kwan-Yew oder Harry Lee, gebuer als Harry Lee Kuan Yew de 16.
September">16. September 1923 zu Singapur an och do den 23. Mäerz 2015 gestuerwen, war e Politiker aus der Republik Singapur. Hie gouf 1959 deen éischte Premierminister vun deem Stadstaat 1959 a blouf dat bis 1990. Duerno war hien, als Senior Minister, bis 2004 Member vun der Regierung vu sengem Nofollger Goh Chok Tong, a vun du bis 2011 war e Minister Mentor an der Regierung vu sengem Jong Lee Hsien Loong, e Posten, deen extra fir hien op Mooss geschaf gouf.
Lee Kuan Yew | |
---|---|
Gebuer | 16. September 1923 Singapur |
Gestuerwen | 23. Mäerz 2015 |
Doudesursaach | Longenentzündung |
Nationalitéit | Singapur |
Educatioun | London School of Economics, Universitéit vu Cambridge, Universitéit vu London |
Aktivitéit | Philosoph, Autobiograph, Affekot, Staatsmann, Politiker |
2011 hat d'Regierungspartei PAP dat schlechste Walresultat zënter 1963 an de Lee huet sech, no 52 Joer, aus der Regierung zeréckgezunn.
Commons: Lee Kuan Yew – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Lee Kuan Yew, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.