De Klenge Kaukasus (Georgesch: მცირე კავკასიონი, Armeenesch: Փոքր Կովկաս, Aseri: Kiçik Qafqaz Dağları, Russesch: Малый Кавказ) ass déi zweet vun dräi Biergketten am Kaukasus, mat enger Längt vun enge 600 km.
Si leeft parallel zum Grousse Kaukasus, a läit op den Territoirë vu Georgien, Armenien, der Tierkei an dem Aserbaidjan. Iwwer de Lichi Bierggrat ass se mam Grousse Kaukasus verbonnen.
Se ass gemenkerhand eng 120 km breet, an hiren héchste Punkt ass mat 4090 m de Bierg Aragaz an Armenien. An hirer Mëtt läit op 1900 m tëscht schnéibedeckte Biergketten de Sewanséi, mat 940 km² ee vun deene gréisste Biergséie vun der Welt an de gréisste Séisswaasserreservoir vun Armenien an dem Kaukasus.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Klenge Kaukasus, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.