D'Kura (Tierkesch), Mtkvari (Georgesch; მტკვარი,) oder Kür (Azeri) ass e Floss, deen an Ost-Anatolien an der Tierkei entspréngt an dann duerch Georgien an duerch den Aserbaidjan leeft, wou en an d'Kaspescht Mier fléisst.
Mat enger Längt vu 1.530 km ass et dee wichtegste Floss am Süd-Kaukasus.
A Georgie leeft en duerch d'Haaptstad Tbilisi. Den Niewefloss Alazani leeft op der Grenz mat Aserbaidjan dran. Do gëtt en am Stauséi vu Mingəçevir deen 1953 ugeluecht gouf, gestaut. Vu Mingəçevir u leeft en an der Kura-Arasebene. Just ier d'Kür an d'Kaspescht Mier leeft, kënnt nach hire gréissten Niewefloss d'Aras, dobäi.
Commons: Kura River – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Kura, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.