D'Gemeng Dikrech ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen.
Se läit am Kanton Dikrech. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Dikrech vun där se och hiren Numm huet.
Gemeng Dikrech | |
---|---|
Aussprooch | |
An anere Sproochen | fr: Diekirch de: Diekirch |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Dikrech |
Chef-lieu | Dikrech |
Buergermeeschter | Charel Weiler (CSV) |
Awunner | 7.295 |
1. Januar 2023 | |
Fläch | 12,42 km² |
Héicht | 396 m |
Koordinaten | 49° 52’ 05’’ N 06° 09’ 24’’ O |
LAU-Code | LU0603 |
Websäit | https://diekirch.lu |
Déi eenzeg Uertschaft vun der Gemeng Dikrech ass d'Stad Dikrech.
Zur Gemeng gehéieren awer nach follgend Häff a Lieu-diten:
D'Stad ass d'Haaptuertschaft vum Kanton Dikrech a war dat och - vun 1843 bis 2015 - vu sengem Distrikt. Ausserdeem bilt Dikrech, zesumme mat de Gemenge Bettenduerf, Ettelbréck, Ierpeldeng op der Sauer, Schieren a Colmer-Bierg den Zentrum vun der Nordstad. Déi Regioun gëllt, nom IVL, nieft der Stad an Esch-Uelzecht, als drëtten Entwécklungspol vum Grand-Duché.
Dikrech läit un der Sauer a bilt d'Grenz zum Éislek. Um Territoire vun Dikrech hunn e puer kleng Baachen hir Quell. Am Norde sinn dat d'Laangmuer, Méchelbaach, eng Baach déi vum Fridhaff duerch de Bamerdall leeft an zu Dikrech an d'Sauer fléisst. Op der Grenz mat der Gemeng Tandel huet d'Suessebaach eng vun hire Quellen an der Gemeng Dikrech. Am Süde sinn et d'Saasselbaach an d'Kiselbaach déi eng vun hire Quellen op Dikrecher Terrain hunn.
Den Numm Dikrech Diecirke gouf fir d'éischt am Joer 1182 an engem Dokument ernimmt.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Dikrech.
Beschreiwung am Originaltext: Burelé d'or et d'azur au lion couronné d'argent soutenu d'une tour de gueules maçonnée de sable mouvant de la pointe. |
Source: STATEC
De Gemengerot vun Dikrech gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech zanter 2005 aus 13 Conseilleren zesummen (1999: 11).
D'Gemengerotswale vum 11. Juni 2023 hunn zu enger Koalitioun aus CSV an DP gefouert, déi de Schäfferot dréit. Bei de Gemengerotswalen 2011 an 2017 hat d'LSAP eng absolutter Majoritéit am Gemengerot.
D'Majoritéitskoalitioun am Gemengerot ass fett geschriwwen
Joer | CSV | DP | gréng | LSAP |
---|---|---|---|---|
1999 | 4 | 2 | 1 | 4 |
2005 | 5 | 1 | 2 | 5 |
2011 | 3 | 2 | 1 | 7 |
2017 | 4 | 1 | 1 | 7 |
2023 | 5 | 2 | 1 | 5 |
Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
...
...
D'Gemeng Dikrech ass jumeléiert mat:
D'Gemeng Dikrech ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Commons: Dikrech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Gemeng Dikrech, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.