Planz Kar

D'Kar (Secale cereale), eng vun de Kar-Aarten (Secale), ass eng Fruuchtaart, déi an den temperéierten Zone wiisst.

Planz Kar Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Fruuchtzort Kar. Fir d'Gefier, kuckt wgl. Kar (Gefier).

Et gëtt Summer- a Wanterkar, woubäi a Mëtteleuropa bal nëmme Wanterkar ugebaut gëtt.

Kar
Planz Kar
Secale cereale
An anere Sproochen fr: seigle
de: Roggen
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Iwwerofdeelung Somplanzen
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Commelinidae
Uerdnung Poales
Famill Séissgrieser
Gattung Secale
Wëssenschaftlechen Numm
Secale cereale
L., 1753

D'Kar ass besser un e killt an dréchent Klima ugepasst wéi Weess. Kar ass keng klassesch Fruuchtaart, déi et schonn an der Antiquitéit gouf. Et gëtt villméi ugeholl, datt et virun 2000 bis 3000 Joer als "Onkraut" an de Weessfelder vu Klengasien opkoum a mat rekoltéiert gouf.

Kar gëtt a Mëttel- an Osteuropa geholl, fir mat sengem Miel Brout ze maachen. Soss doruechter gëtt et och als Fudder fir d'Béischte geholl. Kar kann och zu Alkohol verschafft ("gebrannt") ginn (Kardrëpp), vereenzelt gëtt et geholl, fir Bio-Ethanol ze produzéieren.

Am 19. Joerhonnert gouf d'Kar nëmmen op liichte (sandege) Biedem a Rengkultur geséit. Wou de Buedem fir reng Weesskultur net gutt genuch war, ass bewosst eng Mëschung vu Kar a Weess geséit ginn. Dës Mëschung gëtt op Lëtzebuergesch Mëscheler genannt.

Zesummesetzung

Waasser 9 % Protein 12 % Fett 2,5 % Kuelenhydrater 65 % Ballaststoffer 9,5 % Mineralstoffer 2 %

Donnéeë fir 100 g

Brennwäert 1400 kJ

Mineralstoffer

Calcium 33 mg Eisen 2,67 mg Magnesium 121 mg Phosphor 374 mg Kalium 264 mg Natrium 6 mg Zénk 3,73 mg Koffer 0,450 mg Mangan 2,680 mg Selen 0,035 mg

Vitaminnen

Thiamin 0,316 mg Riboflavin 0,251 mg Niacin 4,270 mg Pantothensaier 1,456 mg Vitaminn B6 0,294 mg Folsaier 0,060 mg Vitaminn E 1,870 mg Alpha-Tocopherol 1,280 mg

Aminosaieren

Tryptophan 0,154 g Threonin 0,532 g Isoleucin 0,549 g Leucin 0,980 g Lysin 0,605 g Methionin 0,248 g Cystin 0,329 g Phenylalanin 0,674 g Tyrosin 0,339 g Valin 0,747 g Arginin 0,813 g Histidin 0,367 g Alanin 0,711 g Asparagin 1,177 g Glutamin 3,661 g Glycin 0,701 g Prolin 1,491 g Serin 0,681 g

Et gëtt eng modern Kräizung tëscht Kar a Weess, Triticale, déi d'Proprietéite vun deenen zwou Aarte vereenegt.

Déi gréisst Karproduzenten op der Welt

No der FAO goufen 2005 weltwäit 15,5 Mio. t Kar rekoltéiert. Der Rei no sinn dat, no Land:

Déi gréisst Karproduzenten op der Welt (2005)
 Rang  Land  Quantitéit 
(an Dausend Tonnen)
 Plaz  Land  Quantitéit 
(an Dausend t)
   1 Russesch Federatioun    3.630    9 Tschechesch Republik    197
   2 Polen    3.359    10 USA    191
   3 Däitschland    2.794   11 Éisträich    164
   4 Ukrain    1.184    12 Frankräich    149
   5 Wäissrussland    1.155    13 Dänemark    132
   6 China    748    14 Spuenien    126
   7 Kanada    367    15 Schweden    112
   8 Tierkei    260     Welt    15.515

Quell: FAO, Faostat, 2006

Zu Lëtzebuerg louch d'Produktioun 1990 bei 2.366 Tonnen. Dës goung bis 2006 op 8.727 Tonnen erop, fir dann nees, bis 2011 op 4.189 Tonnen erofzegoen.

Literatur

  • Miedaner, Thomas, 2007. Roggen - Getreide mit Zukunft! 190 S. Roggenforum e. V. (Hrsg.). DLG-Verlag. ISBN 978-3-7690-0687-2.
  • Reiner, L., 1979. Winterroggen aktuell. DLG Verlag.
  • Schiemann, Elisabeth, 1948. Weizen, Roggen, Gerste. Systematik, Geschichte und Verwendung. Fischer-Verlag Jena.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Kar – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Tags:

Planz Kar ZesummesetzungPlanz Kar Déi gréisst Karproduzenten op der WeltPlanz Kar LiteraturPlanz Kar Kuckt ochPlanz Kar Um SpaweckPlanz KarFruucht

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Austrëtt vum Vereenegte Kinnekräich aus der Europäescher Unioun29. MeeFokus (Lëtzebuergesch Partei)Gustave FlaubertCEGEDELNicool1328SozialismusCOVID-19AtomiumAdolf Hitler715BruttoinlandsproduktManfred DeixJean-Claude JunckerDe Peck-Villchen965ItalienLilleComité flamand de FranceHaaptsäit/WDSKathedral Saint-Pierre zu BeauvaisKarsamschdegLëtzebuerg (Land)Haaptsäit/Artikel vun der WochArthropodenAmericaLesothoPéitrussTimothy Garton AshGianluigi BuffonNeiséiland260 v. Chr.SpréifLe club des chômeursEuroBolchowArabeschLeonid Iljitsch BrejnewX (Soziaalt Netzwierk)Norwegen.kyDie ZeitWashington D.C.Alexander DubčekMohandas Karamchand GandhiFëschmaart (Stad Lëtzebuerg)LitauenAutoFrankräichGreta GarboFranciscus (Poopst)VenezuelaMaria Perschy321Christoph KolumbusPolneschCerreto di Spoleto25. JuniJoko WidodoLaurent NeyEkosystemKarin SzékessyVictor HugoJean Kandel🡆 More