Haiku, op Japanesch 俳句 haiku „lëschtege Vers“, ass eng japanesch Gedichtform.
Traditionell besteet en Haiku aus dräi Gruppe vu jeeweils 5, 7 a 5 Silben (streng geholl japanesch Moren), déi heiansdo fir d'Betounung vun dëser Form an dräi getrennte Versen oder och an enger Zeil, gedeelt duerch Zwëscheraim, ugeuerdnet ginn. Normalerweis gëtt awer op sou eng Deelung verzicht.
Mat 17 Silben (resp. Moren) ass den Haiku déi kierzt Gedichtform vun der Welt. E beschreift traditionell e Bild aus der Natur an e gëtt (mat Hëllef vu sougenannte Joreszäitewierder, op Japanesch Kigo) d'Joreszäit z'erkennen. Et gëtt och Kreesser vun Haiku-Dichteren, déi eng fräi Form, ouni déi genannt Virgaben, vertrieden. De Grënner vum modernen Haiku als eegestänneg Form vun der Dichtung war de Masaoka Shiki. Hie war et och, deen de Begrëff Haiku markéiert huet (géintiwwer vum méi alen Haikai oder Hokku).
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Haiku, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.