De Gotthard-Basistunnel ass e 57 km laangen Eisebunnstunnel, deen aus zwéi Réier besteet, an ënner dem St.-Gotthard-Massiv an de Schwäizer Alpen gebaut gouf.
Bei sengem Bau sinn 9 Leit ëm d'Liewe komm. Et ass dee längsten Tunnel vun der Welt a verbënnt Erstfeld am Kanton Uri mat Bodio am Kanton Tessin. De 15. Oktober 2010 gouf den Duerchbroch realiséiert, den 1. Juni 2016 gouf en no 17 Joer Bauzäit ageweit. Den 11. Dezember 2016 gouf en a Betrib geholl.
Typ | Eisebunnstunnel |
---|---|
Technesch Donnéeën | |
Längt | 57 104 (Ostrouer) 57 017 (Westrouer) |
Déift | 2 450 m |
Réier | 2 |
Bau | |
Bauzäit | 1998 - 2016 |
Geographie | |
Land | Schwäiz |
Uertschaften | Erstfeld - Bodio |
En ass en Deel vun der sougenannter NEAT, engem ambitiéise Projet, deen et erméigleche soll, den Transit-Camionsverkéier duerch d'Schwäizer Alpen, op d'Schinn ze verleeën. D'Zich kënne maximal bis zu 250 km/h fueren, effektiv sollen d'Persounenzich awer mat 200 km/h fueren, d'Gidderzich nëmme mat 100 km/h.
En huet ronn 12,2 Milliarde Schwäizer Frang kascht (11 Milliarden Euro zum Cours vum Juni 2016).
Bauhär ass d'Schwäizer Eisebunn, via hir Filial AlpTransit.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Gotthard-Basistunnel, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.