De Gérard de Nerval (fir richteg: Gérard Labrunie), gebuer den 22.
Mee">22. Mee 1808 zu Paräis an och do de 26. Januar 1855 gestuerwen, war e franséische Schrëftsteller. Och wann en an der franséischer Literaturgeschicht net zu den Haaptleit vun der Romantik gezielt gëtt, sou hate seng Texter dach z. D. e groussen Afloss op Schrëftsteller déi no him koumen, wéi de Charles Baudelaire oder d'Surrealisten.
Gérard de Nerval | |
---|---|
Gebuertsnumm | Gérard Labrunie |
Gebuer | 22. Mee 1808 Paräis |
Gestuerwen | 26. Januar 1855 Paräis |
Doudesursaach | Erhänken |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Dichter, Dramatiker, Iwwersetzer, Literaturkritiker, Journalist |
Nieft Gedichter huet hie Reesreportagen an -impressioune publizéiert. Vun 1850 u war hie gesondheetlech schlecht drun an huet, wann ëmmer et goung, geschriwwen, seng Texter iwwerschafft an nei erausbruecht. 1855 huet hie sech d'Liewe geholl. En ass um Kierfecht Père-Lachaise begruewen.
Commons: Gérard de Nerval – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Gérard de Nerval, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.