De Begrëff Lidd (v.
alhéidt.: liod - "Gesongenes") bezeechent e gesongent Museksstéck, dat aus e puer gläichgebaute gereimte Strofen oder enger auskomponéierter variéierender Melodie fir all Strof besteet. D'Lidd stellt déi ursprénglechst an einfachst Form vun der Lyrik duer. Am Lidd fënnt dat mënschlecht Gefill a senge Stëmmungen a Bezéiungen eng reng an intensiv Ausdrocksméiglechkeet.
E Lidd ka vun engem eenzelene Sänger, dem Solist, engem Museksensembel oder engem Chouer, ob a cappella oder vun engem Museksinstrument begleet, virgedroe ginn.
D'Lidd zeechent sech duerch eng einfach a geschlosse Glidderung aus. Och Weise vun der Ballad oder vum Spriechgesank zielen zur Gattung Lidd.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Lidd, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.