D'Sylvia Camarda, gebuer den 21.
September">21. September 1978 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Dänzerin, Choreographin a Politikerin.
Sylvia Camarda | |
---|---|
Gebuer | 21. September 1978 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Dänzer, Choreograph, Bünekënschtler |
Partei | Demokratesch Partei |
Famill | |
Bestuet mat | Yann Tonnar |
Mat 15 Joer ass si op Cannes an d'École supérieure de danse de Cannes Rosella Hightower gaangen. Weider Etappe waren d'University of Performing Arts Purchase (State University of New York) zu New York an d'London Contemporary Dance School wou si 2000 den Ofschloss vun hirer Formatioun gemaach huet.
Si huet haaptsächlech an der Schwäiz geschafft bis si bei Les Ballets C. de la B. ugefaangen huet. Si huet am Projet Just another landscape for some Jukebox money gedanzt a war wärend 2 Joer mat deem Stéck op Tournée. Duerno huet si Missdeluxedanceco! gegrënnt. Hir Carrière als Dänzerin ass 2005 virugaange mam Jan Fabre an Je suis sang, mat deem si zu Avignon am Palais des papes opgetrueden ass, an och 2007 zu New York an Tokyo.
Vu Mëtt 2005 bis 2006 war si am Cirque du Soleil, am Stéck Delirium, op Tournée an Amerika.
Den 28. Mee 2011 krut d'Sylvia Camarda den éischte Lëtzebuerger Danzpräis, um Enn vum Danzfestival an de Carré Rotondes, iwwerreecht.
Zanter dem 31. Mee 2019 ass d'Sylvia Camarda mam Yann Tonnar bestuet.
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
Bei de Gemengewalen 2017 gouf d'Sylvia Camarda op der DP-Lëscht an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg gewielt. Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 war si Kandidatin op der Lëscht vun der DP am Zentrum. Si ass awer net an d'Chamber gewielt ginn.
Bei de Gemengewale vum 11. Juni 2023 gouf si an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg erëmgewielt.
Commons: Sylvia Camarda – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Sylvia Camarda, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.