Den Equuleus ass e Stärebild nërdlech vum Himmelsequator.
Date vum Stärebild Equuleus | |
---|---|
Lëtzebuergeschen Numm | Klengt Päerd |
Laténgeschen Numm | Equuleus |
Laténgesche Geenitiv | Equulei |
Laténgesch Ofkierzung | Equ |
Rektaszensioun | 20h 56m bis 21h 26m |
Deklinatioun | +13° 00’ bis +2° 30’ |
Fläch | 72 Quadratgrad |
Siichtbar op de Breetegraden | 90° Nord bis 77° Süd |
Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa | Hierscht |
Zuel vu Stäre mat Gréisst < 3m | keng |
Hellste Stär, Gréisst | α Equulei (Kitalpha) 3,9m |
Meteorstréim | - |
Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) | Pegasus Delphinus Aquarius |
Den Equuleus ass en onschäinbaart Stärebild. Et besteet aus véier Stären, déi de Kapp vum jonke Päerd duerstelle sollen. Nëmmen ee Stär ass méi hell wéi déi 4. Gréissteklass.
Et fënnt een d'Stärebild, wann een dem südëstlechen Ausleefer vum Pegasus nogeet.
Den Equuleus ass dat zweetklengste Stärebild um Himmel. Nëmmen d'Kräiz vum Süden ass nach méi kleng.
Den Equuleus gehéiert zu de klasseschen 48 Stärebiller aus der Antiquitéit, déi dem Ptolemäus scho bekannt waren.
B | F | Numm o. aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|
α | 8 | Kitalpha | 3,92m | 186 | G0 III |
δ | 7 | 4,49m | 55 | F7 V | |
γ | 5 | 4,69m | 120 | F0 IV | |
β | 10 | 5,16m | |||
ε | 1 | 5,23m | 150 | F5 + F7 | |
3 | 5,61m | ||||
9 | 5,82m | ||||
4 | 5,94m | ||||
6 | 6,07m | ||||
λ | 2 | 5,94m |
Den α Equulei, den hellste Stär am Equuleus, ass 150 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. Et ass e giele Stär vun der Spektralklass G0 III. Den Numm Kitalpha ass arabesch a bedeit sou vill wéi „de viischten Deel vum Päerd“.
System | Gréissten | Ofstand |
---|---|---|
δ | 5,0m/5,0m | 0,35" |
γ | 4,7m/11,6m | 2" |
ε | 6,0m/6,3m/7,2m | 0,72"/ |
Den δ Equulei ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vu 55 Liichtjoer. Déi béid Komponenten ëmkreese sech an nëmme 5,7 Joer.
Den γ Equulei ass en Duebelstär, dee mat bloussem A ze trennen ass, Viraussetzung ass natierlech e kloren Nuetshimmel. Nieft dem 4,7m hellen Haaptstär gëtt a 6 Bouminutten Ofstand e 6,0m helles Stär siichtbar. Et handelt sech allerdéngs nëmmen ëm een „opteschen Duebelstär“, d. h., d'Stäre stinn vun der Äerd aus gekuckt an enger Richtung, leien awer op verschidden Distanzen.
Den Haaptstär ass tatsächlech e physikaleschen Duebelstär. Op engem Ofstand vun 2 Bousekonnen ass e liichtschwaache Begleeder vun der 11. Gréissteklass, deen gravitativ un den Haaptstär gebonnen ass.
D'System ε Equulei besteet aus véier Stären, déi ëm e kollektive Schwéierpunkt kreesen.
Stär | Gréisst | Period | Typ |
---|---|---|---|
γ | 4,58 bis 4,77m | 12,2 Stonnen | Alpha-CanesVenaticorum-Stär |
R | 8,0 bis 15,7m | 261 Deeg | Mira-Typ |
Den Haaptstär vum System γ Equuleis ass e kuerzperiodeschen verännerleche Stär vum Typ Alpha-CanesVenaticorum.
Den R Equuleis ass e pulsatiounsverännerleche Stär vum Typ Mira. Et handelt sech dobäi ëm liichtkräfteg rout Risen oder Iwwerrisen, déi sech rhythmesch opblosen an nees zesummenzéien, wat däitlech duerch d'Hellegkeetsschwankung ze gesinn ass. Wärend dem Maximum gëtt den R Equ sou hell, datt hie gutt mat engem klengen Teleskop ze gesinn ass. Am Minimum fält d'Hellegkeet op déi 15. Gréissteklass zeréck.
Messier (M) | NGC | aner | Gréisst | Typ | Numm |
---|---|---|---|---|---|
7015 | m | Galaxie | |||
7040 | m | Galaxie | |||
7040 | m | Galaxie | |||
7045 | m | Galaxie | |||
7046 | m | Galaxie |
Commons: Equuleus – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Equuleus (Stärebild), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.