Guadeloupe ass en Iwwerséidepartement an eng Regioun vu Frankräich.
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Guadeloupe, besteet aus enger Grupp vun néng Inselen an de klengen Antillen (Karibik).
Basisdaten | |
---|---|
Offiziell Sprooch | Franséisch |
Haaptuert | Basse-Terre |
Fläch | 1.628 km² |
Awunnerzuel| Bevëlkerungsdicht | 249 Awunner pro km² |
Arrondissementer | 2 |
Kantonen | 40 |
Gemengen | 32 |
Prefekt | Jean-Jacques Brot |
President vum Regionalrot | Josette Borel-Lincertin |
President vum Generalrot | Jacques Gillot |
Wärung | Euro (€) 1 Euro = 100 Cent |
Zäitzon | UTC-4 |
Internet-TLD | . gp |
Telefonsprefix | +590 |
Kaart | |
Guadeloupe ass e vollintegréierten Deel vum franséische Staat a gehéiert domat zur Europäeschen Unioun. Zesumme mat der Martinique bilden déi zwou Inselgruppen déi Franséisch Antillen.
D'Guadeloupe besteet aus aacht bewunnten a weider klengen onbewunnten Inselen.
Déi zwou Haaptinsele si Basse-Terre a Grande-Terre, déi nëmmen duerch e schmuele Mieresaarm vunenee getrennt sinn. Onmëttelbar dobäi leien och déi bewunnten Insele Marie-Galante a La Désirade, déi zwou kleng onbewunnten Îles de la Petite Terre wéi och déi kleng Inselgrupp vun den Îles des Saintes, déi zwou bewunnten a siwen onbewunnten Insele begräift.
Bis 2007 hunn d'Insel Saint-Barthélemy an de franséischen Deel vun der Insel Saint-Martin politesch zu Guadeloupe gehéiert. Si leien ongeféier 200 km nërdlech vun den Haaptinselen. Am Februar 2007 goufen déi zwou Insele vu Guadeloupe ofgetrennt an zu zwou eegenen iwwerséische Gebittskierperschaften (collectivité d'outre-mer) opgewäert.
Basse-Terre huet eng vulkanesch Originn mat Bierger bannen am Land, Grande-Terre ass relativ flaach a besteet haaptsächlech aus Kalleksteen. Déi meescht vun den aneren Inselen hunn eng vulkanesch Originn. Den héchste Punkt ass d'Soufrière mat 1.467 m iwwer NN, déi en aktiven Vulkan ass.
D'Klima ass gekennzeechent duerch seng subtropesch Temperaturen, duerch säi Passatwand a seng moderat Fiichtegkeet. Vu Juni bis Oktober besteet Hurrikan-Gefor.
D'Landfläch bestet zu 14 % aus Ubauflächen, zu 4 % aus Dauerkulturen, zu 14 % aus Weedland an zu 39 % aus Bëscher.
D'Guadeloupe hat am Juli 2005 448.713 Awunner.
Commons: Guadeloupe – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Departement Guadeloupe, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.