E Computernetzwierk ass een Zesummeschloss vu verschiddene Computeren oder aneren elektronesche Systemer, soudatt se mat enee kommunizéiere kënnen.
Computernetzwierker loosse sech no verschiddene Krittäre klassifizéieren:
Hëlt een elo ee Beispill wéi Coditel, déi jo béides ubidden: Fernsee an Internet. Majo well déi awer elo keng Loscht haten nei Leitungen ze leeën hu se Signaler einfach iwwer TV-Netz geschéckt. Dobäi ginn héich an déif Frequenze benotzt. D'TV-Netz huet een op déi déif Frequenz geluecht, mä wann een elo awer nach d'Internet doriwwer kréie wëll, da schléisst een de Kabel vun der Televisioun un en extrae Modem un, deen déi héich Signaler entschlësselt, dat heecht, da mécht ee seng Umellung bei Coditel an da schalten déi op där Leitung déi héich Frequenz fräi.
Bal geneesou mécht d'Post et, déi schéckt d'Signaler duerch d'Telefons-Netz.
Den Internet besteet am Fong nëmmen aus Netzwierker, déi unenanerhänken op der ganzer Welt. Dëst kann een dann och nach GAN (Global Area Network) nennen.
Commons: Computernetzwierker – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Computernetzwierk, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.