Bibliothèque Nationale De France

D'Bibliothèque nationale de France (BnF) ass d'Nationalbibliothéik vu Frankräich.

Bibliothèque Nationale De France
De Logo vun der franséischer Nationalbibliothéik.
Bibliothèque Nationale De France
De Site "François-Mitterrand" zu Paräis, deen 1995 ageweit gouf.
Bibliothèque Nationale De France
De Liesraum um Site "Richelieu" vun der BnF.

Si dréit hiren aktuellen Numm zënter 1994, mee existéiert an ënnerschiddleche Forme schonn zënter dem Mëttelalter. D'BnF huet ee vun de räichste Bestänn op der Welt.

Missioun an Aarbecht

D'Missioun vun der franséischer Nationalbibliothéik ass d'Sammelen, d'Archivéieren an den Ënnerhalt (Conservatioun, Restauratioun) vun allem, wat a Frankräich verëffentlecht oder publizéiert gëtt, awer och vun de fréieren an neie Sammlungen. D'BnF bedreift och selwer Fuerschung a Wëssensverbreedung, besonnesch andeem si reegelméisseg Ausstellunge fir de breede Public an aner kulturell Evenementer, Konferenzen, Colloquen a Concerte organiséiert.

Si ënnerhält e Kooperatiounsnetzwierk mat aneren Dokumentatiounsdéngschter a Frankräich a kooperéiert och international op ënnerschiddlech Aart a Weis mat aneren Institutioun an deem Beräich.

D'BnF krut schonn 1537 als éischt Institutioun den Optrag fir den Dépôt légal. Haut ass si déi gréisst Bibliothéik am Land an eng vun de gréissten op der Welt. All d'Kollektiounen zesumme representéieren ongeféier 150 Milliounen Dokumenter. Si huet de Statut vun enger ëffentlecher Ariichtung mat Verwaltungscharakter. Hir Aktivitéite verdeele sech op siwe Standuerter, vun deenen de wichtegsten de Site "François-Mitterrand" ass, um lénksen Ufer vun der Seine am 13. Arrondissement vu Paräis. Den historesche Site aus dem 17. Joerhonnert, deen haut e ganze Block anhëlt, läit am 2. Arrondissement.

All Joer kritt déi franséisch Nationalbibliothéik iwwer 70.000 Bicher, iwwer 250.000 Zäitschrëften an dausende spezialiséierten Dokumenter am Dépôt légal dobäi, awer si keeft och selwer an a kritt Spenden. Den online Dépôt légal huet bal ee Petabyte (Po) un Date geséchert. E groussen Deel vun de Referenzen ass online iwwer de Gesamtkatalog vun der BnF an hir Spezialkataloge consultabel. D'BNF ass och fir hir digital Bibliothéik Gallica bekannt, déi en direkten Zougrëff op d'Reproduktioun vu méi wéi 7,6 Milliounen Dokumenter an Text-, Bild- oder Tounformat erméiglecht. Um Site "François-Mitterrand" befënnt sech donieft d'Inathèque, déi fir den Dépôt légal vum Radio an der Televisioun responsabel ass.

Commons: Bibliothèque nationale de France – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Tags:

Frankräich

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

BleachUruguayMeubertIndonesienAkustesche BassHeischentDäitschlandCôte de StockeuActioun LëtzebuergeschLëscht vun de lëtzebuergesche RiedensaartenDieter D1978StëbssuckelerKënzegPsychologieLiichtmëssdagOta NalezinekOmar SharifLiège-Bastogne-Liège 20222. FebruarISO 3166-1Departement Puy-de-DômeDe FeierwonAntoine JansMelusina1945Internet29. JanuarHandelsregësterNaturKréischelen2020JapanGrand EstCBP QuilvestAndré DuchscherAlain AttenZweete WeltkrichRTL Télé LëtzebuergCôte de la RedouteFC Syra MensterPozuelo de AlarcónJoresofschlossFernand MertensNicolas MargueRobert GoebbelsMuselChristian WeisKapitalismusSerge TonnarKanton DikrechSowjetunioun1919Zuchaccident zu ZoufftgenCapellenKasanLyme-BorreliosJules WernerSacem LuxembourgAustrëtt vum Vereenegte Kinnekräich aus der Europäescher UniounLëtzebuerg (Land)Liège-Bastogne-Liège 2024Régis MoesVorarlbergHong KongOns HeemechtGréiwemaacherNorbert Becker🡆 More