En astronomeschen Observatoire (lat.: observare = observéieren) ass hautdesdaags eng Plaz mat wëssenschaftlechen Instrumenter, dacks Teleskopen, fir d'Observatioun vum Weltraum.
D'Bild vun engem haitegen Observatoire ass an der Reegel duerch eng oder e puer Kuppele gekennzeechent, déi engersäits op fir d'Observatioun sinn, an an déi gewënschte Richtung gedréit kënne ginn, anerersäits awer am zouenen Zoustand d'Instrumenter schütze kënnen. D'Instrumenter selwer (virun allem d'Teleskopen) si virun Äerdbiewen ze sécheren. De Begrëff Observatoire gëtt och nach fir Satellitten, déi Teleskope droen, gebraucht. Typescherweis sinn e puer Teleskopen an/oder Instrumenter op engem Satellit, déi meeschtens de selwechten Objet observéieren.
En Observatoire, deen haaptsächlech fir Féierunge bedriwwe gëtt, nennt een e Biergerobservatoire (am däitschen: Volkssternwarte). Donieft gëtt et nach Schoulobservatoiren a Privatobservatoiren.
Commons: Observatories – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Astronomeschen Observatoire, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.