Raumfaart Satellit

E Satellit ass an der Raumfaart e kënschtleche Raumfluchkierper, deen en Himmelskierper – wéi e Planéit oder e Mound – op enger elliptescher oder kreesfërmeger Ëmlafbunn fir d'Erfëllung vu wëssenschaftlechen, kommerziellen oder militäreschen Zwecker, ëmkreest.

Raumfaart Satellit
De Sputink

Ëmlafbunn

No der Aart vun der Ëmlafbunn ënnerscheet ee bei Äerdsatellitte tëscht follgenden Typpen:

Low-Earth-Orbit-Satellit

    Low-Earth-Orbit-Satellitten (kuerz LEOS) si kënschtlech Satellitten, déi d'Äerd an enger Héicht vun 200 bis 2000 km ëmkreesen. Fir eng Ëmkreesung brauche si am Schnëtt zirka 100 Minutten, wat bedeit, datt e Punkt op der Äerd de Kontakt zum Satellit no zirka 15 min verléiert. Fir eng permanent Ofdeckung vun engem Punkt op der Äerduewerfläch duerch LEO Satellitten ze maachen, mussen dofir 25-75 Satellitten d'Äerd ëmkreesen.

Sonnesynchrone Satellit

Medium-Earth-Orbit-Satellit

    E Medium Earth Orbit Satellit (kuerz: MEOS) ëmkreest d'Äerd an enger Héicht vun 10.000 bis 12.000 km. Dës Satellitten ëmkreesen d'Äerd an zirka sechs Stonnen, wouduerch een der 10 bis 12 fir déi komplett Ofdeckung vun der Äerduewerfläch brauch. Bekannt Beispiller sinn d'GPS-Navigatiounssatellitten (Héicht 20.000 km).

Highly-Elliptical-Orbit-Satellit

    Highly-Elliptical-Orbit-Satellitten (HEO, engl. „héichelliptesch-orbitale Satellit“) si kënschtlech Satellitte mat enger staarker elliptescher Bunn (grouss Exzentrizitéit, grousst Verhältnes vun Äerdnoperschaft zu mëttlerem Bunnradius). Dës Aart vun Ëmlafbunnen gëtt dacks vu Weltraumteleskope benotzt, déi sech pro Ëmlaf laang Zäit iwwer der Van-Allen-Stralungsceinture ophale sollen. Beispiller sinn den Integral an den EXOSAT.
    HEO-stationäre Satellit, och Molnija-Orbit, bezeechent staark elliptesch a staark schréi Bunne mat dem Apogeum an Himmelspol. E Molnija-Orbit huet typescherweis eng Bunnschréi vun 63,4°. Bei där Schréi verschwënnt déi duerch den Äquatorwulst vun der Äerd ausgeléist Perigeumsdréiung vun der Bunn, soudatt déi gewënscht Lag vum Apogeum iwwer laang Zäit erhale bleift.
    Gebraucht ginn HEO-Satellitte fir d'Ofdecke vu Polargebidder. Geostationär Satellitte si wéinst der klenger Elevatioun an dëse Gebidder schlecht bis iwwerhaapt net méi gëeegent. Et ginn dofir staark elliptesch Bunne mat dem Apogeum an der Polgéigend gebraucht. Antenne mussen nogefouert ginn. Fir eng Ofdeckung déi net de ganzen Dag dauert geet ee Satellit mat enger Ëmlafzäit vun 24 Stonnen duer, aus (am Perigeum gëtt et eng Paus vun 2 bis 4 Stonnen). Fir e ganzen Dag ofzedecken, brauch een 2 Satellitten.
    Dat russescht Kommunikatiounssystem Molnija (russesch „Blëtz“), no deem dësen Orbit benannt ass, huet HEO-stationär Satellitten am Asaz, fir virun allem nërdlech Gebidder vu Russland optimal ofzedecken.

Geostationäre Satellit

    Geostationär Satellitte si kënschtlech Satellitten, déi d'Äerd an enger Héicht vun zirka 35.800 km iwwer dem Equator ëmkreesen. Fir eng Ëmkreesung brauchen déi Satellitte 24 Stonne bei enger Vitess vun ongeféier 3,07 km/s. Dofir sti se vun der Äerd aus gesinn (geozentresch) ëmmer op der selwechter Positioun an eegene sech sou fir dauerhaft Satellitteverbindungen wéi d'Satellittentelevisiounsreceptioun.

Missiounen

Satellitte kënnen ënnerschiddlech Missiounen kréien:

  • D'Äerdobservatiounssatellitte kënne Biller fir ënnerschiddlech Zwecker liwweren, sou d'Wiedersatellit an Spionagesatellitten. Déi Biller kënne mat verschiddene Techniken erstallt ginn, zum Beispill vu Radarsatellitten.
  • D'Noriichtesatellitten erfëlle kommerziell Missiounen, wärend Amateurfunksatellitten privaten Zwecker déngen, kuckt och Satellittenkommunikatioun.
  • D'Televisiounssatellitten iwwerdroen Televisiounsprogrammer direkt un d'Publikum, soudatt äerdgebonne Sender- a Kabelnetzer ewech fale kënnen.
  • D'Astrometriesatellitten observéieren de Weltraum, haaptsächlech fir wëssenschaftlech Zwecker.
  • D'Killersatellitten si Satellitten, déi dozou dengen, aner feindlech Satellitten ze zerstéieren.
  • D'Fuerschungssatellitten dénge reng wëssenschaftlechen Zwecker, z. B. Mikrogravitatiounsexperimenter.
  • D'Spionagesatellitten déngen zum Ausspionéieren z. B. vu feindleche Staaten, Schëffsbeweegungen an der Iwwerwaachung vu Rëschtungsofkommen. Si gi vu militäreschen Administratiounen a Geheimdéngschter bedriwwen a sinn dacks streng geheim Projeten.
  • D'Raumstatioune sinn och Äerdsatellitten, déi primär wëssenschaftlechen Zwecker déngen.

Am Joer (2006) louch d'Zuel vun de bekannten an aktive Satellitten iwwer 800. [1]. Doriwwer eraus sinn e ganze Koup weider Objeten (ausgedéngte Satellitten, Deeler vu Rakéiten an anere Weltraumschrott) am Äerdorbit.

Ofgrenzung

Et bezeechent een e Fluchkierper nëmmen dann als Satellit, wann hien d'Äerd am Weltraum ëmkreest. All Fluchkierper, deen den Äerdorbit mat Fluchtvitesse verléisst, gëtt Raumsond genannt, onofhängeg dovun, ob si an den Orbit vun engem anere Planéit oder Mound antrieden oder net.

Kuckt och

Um Spaweck


Commons: Satellites – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

Raumfaart Satellit ËmlafbunnRaumfaart Satellit MissiounenRaumfaart Satellit OfgrenzungRaumfaart Satellit Kuckt ochRaumfaart Satellit Um SpaweckRaumfaart SatellitHimmelskierperMilitärMoundPlanéitWëssenschaftËmlafbunn

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

SaudiarabienGriichelandAlexei Sergejewitsch IonowLex Weyer (1966)Europäesch UniounAmerikaneschen OnofhängegkeetskrichEuropa (Kontinent)Comité flamand de FranceTschechesch RepublikLëscht vun de lëtzebuergesche Spréchwierder1968Yonas KindeElblingPatrick SanaviaElisabeth vun Éisträich-UngarnOlympesch Wanterspiller 20221323George III. vum Vereenegte Kinnekräich1675Hugues Le GallaisLuxairMichel GehrendÄerdbiewenAndré DuchscherKapitalismusFrançoise ThomaHenri KoxLëscht vun de lëtzebuergesche PremierministerenVk.comGattung (Biologie)Europäesch CommunautéitenZäitHypertext Transfer ProtocolKréischelenUniversumEdmond de la FontainePafendallUn der AtertRond-point GluckGeorges Eugène HaussmannDéi GréngPerl oder Pica (Film)Lyme-BorreliosPablo EscobarKoordinéiert WeltzäitTroublemakerHaaptsäitPit Romersa(136199) Eris16. AbrëllCapellenPéckvillchenDiddelenger SchmelzErnest Arendt (Affekot)James II. vun EnglandRaymond ClementFélix BrazFloridaSankt PéitersbuergLudwig LevySacem LuxembourgKuwaitMonotheismusRtl.luKrimkrichInternationale WärungsfongGolf vum OmanLiliane Thorn-PetitOmanPéiterséileginsel1900Franséische Pällem🡆 More