Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Baussegebitt vun den USA am Pazifik. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Samoa (Homonymie). |
Amerikanesch Samoa (en: American Samoa, sm: Sāmoa Amelika) ass e Baussegebitt vun de Vereenegte Staate vun Amerika am südleche Pazifik. Et ass en Deel vun de Samoainselen a stéisst am Südosten un den onofhängege Staat Samoa. Déi flächeméisseg gréisst Insel an déi mat de meeschten Awunner ass Tutuila, mam Haaptuert Pago Pago.
Amerikanesch-Samoa US-Samoa | |||||
| |||||
National Devise: Sāmoa, Muamua Le Atua („Samoa, looss Gott op der éischter Plaz sinn“) | |||||
Offiziell Sprooch: | Englesch | ||||
• Koordinaten: | 60° 06’ 5.4’’ N 19° 56’ 29.8’’ O | ||||
Staatsform: | Baussegebitt vun den USA | ||||
Fläch: | 199±1 km² | ||||
Bevëlkerung: | 49.710 | ||||
Nationalhymn: | Amerika Samoa | ||||
Wärung: | US-Dollar | ||||
Zäitzon: | UTC -11 | ||||
Internet TLD: | .as | ||||
Internationalen Telefonsprefix: | +1684 |
Wärend dem Zweete Weltkrich krut Amerikanesch-Samoa an de Joren 1942 bis 1945 temporär eng méi grouss strateegesch Bedeitung fir d'USA, well de Bau vun engem Stëtzpunkt fir d'Marinn an e Fluchhafen (Pago Pago International Airport) decidéiert gouf.
Eng besonnesch kulturell Eegenschaft vun der ganzer Inselgrupp ass d'Nieftenee vum modernen amerikanesche Liewensstil mat de samoaneschen Traditiounen.
Amerikanesch Samoa ass de gréissten US-Territoire südlech vum Equator an erstreckt sech iwwer e puer Vulkaninselen an zwéi kleng Atollen a Polynesien:
Wichteg Uertschaften, nieft der Haaptstad Pago Pago sinn Tula Village, Amanave, Vaitogi an Tāfuna.
Offiziell Sproochen op Amerikanesch Samoa sinn Englesch an Samoanesch, eng polyneesesch Sprooch déi vun 90,6 % als Mammesprooch geschwat gëtt.
Commons: Amerikanesch-Samoa – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Amerikanesch-Samoa, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.