Eng Allegorie (vum algr.: ἄλλον / állon, eppes anescht an ἀγορεύειν / agoreúein, ëffentlech schwätzen) ass e Stilmëttel, an der Literatur oder an der Konscht, fir eppes (meeschtens eppes Abstraktes, wéi eng Iddi oder e Konzept) duerch eppes Konkreetes (eng Persoun, en Déier oder Géigestand) duerzestellen.
Bekannt Allegorien sinn z. B. d'Nationalallegorien, wéi d'Marianne fir Frankräich, d'Germania fir Däitschland, de Roude Léiw fir Lëtzebuerg, asw., oder awer déi vu Wäerter oder Konzepter, wéi d'Justitia (fir d'Gerechtegkeet, déi duerch eng Fra mat verbonnenen Aen (Onparteilechkeet), enger Wo (genee Ofstëmmung) an engerm Schwäert (Duerchsetzungskraaft) an der Hand symboliséiert gëtt), d'Fräiheet (dacks eng Fra mat gesprengte Fesselen), der Doud (duerch e Schankemännche mat enger Séissel symboliséiert), asw. Och Flëss oder Stied ginn dacks duerch Allegorië representéiert.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Allegorie, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.