Sydney

Sydney ass eng lieweg, multikulturell Metropol an Haaptstad vum eelsten australesche Staat New South Wales.

Sydney Dës Säit beschäftegt sech mat der australescher Stad Sydney. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Sydney (Homonymie).

Si gëllt als eng vun de schéinste Stied op der Welt. Sydney ass de wirtschaftlechen a kulturellen Zentrum vun Australien a mat 4,5 Milliounen Awunner déi gréisst Stad vum Land.

Sydney
D'Skyline vu Sydney

D'Skyline vu Sydney
D'Skyline vu Sydney
Land: Sydney Australien
Bundesstaat: Sydney New South Wales
Administratioun: Sydney City Council
Fläch: 1.664 km²
Awunner: 3.774.894 Aw.  (2005)
Bevëlkerungsdicht: 2.269 Aw. / km²
Buergermeeschter: Clover Moore
Koordinaten: 33° 52’ 09’’ S
      151° 12’ 32’’ O
Lag vu Sydney an Australien

Lag vu Sydney an Australien
Lag vu Sydney an Australien
Stied - Bundesstaaten - Groussstied

Geschicht

Vu virun ongeféier 40.000 Joer un gouf dat haitegt Stadgebit vun den Aboriginies bewunnt. De 26. Januar 1788, och Australia Day genannt, ass déi éischt wäiss Siidlung am Port Jackson Bay gegrënnt ginn. De Captain Arthur Phillip huet 800 Prisonéier aus England do vu Bord gelooss. Et war also fir d'éischt eng Strofkolonie. Méi spéit gouf d'Stad zum Mëttelpunkt vun der Kultur an der Wirtschaft vun Australien. D'Expansioun gouf gréisstendeels vun europäeschen duerno vun asiateschen Immigrante gedroen. The Rocks ass den Ursprong an d'Häerz vu Sydney.

Geographie

Sydney zitt sech iwwer 100 km laanscht Küst, 70 km an d'Banneland a läit am Duerchschnëtt dräi Meter iwwer dem Mieresspigel. Dem Port Jackson, den natierlechen Hafe vu Sydney, säin Haaptaarm huet eng Fläch vu 55 km² an ass 19 km laang. Vun him ginn nach eng sëllegen aner Mieresäerm aus, wéi zum Beispill de Middle Harbour. D'Metropolregioun geet vum Hawkesbury River am Norde bis zur Botany Bay am Süden a vun de Blue Mountains am Weste bis zum Pazifeschen Ozean am Osten. Zu Sydney huet een och iwwer 70 verschidde Plagen, dorënner déi weltbekannt a vu Surfer beléift Plagë Bondi Beach a Manly Beach.

Bevëlkerung

Knapps 4,5 Millioune Leit wunnen a 450 Viruertschaften. Hei lieft all 5ten Australier. D'Awunnerzuel vu Sydney huet sech vun 1,9 Milliounen am Joer 1954 bis haut verduebelt.

Klima

Sydney huet e subtropescht Klima. Am Summer ass et sonneg a waarm, am Wanter reenereg a kill. Déi duerchschnëttlech Jorestemperatur läit bei 17,9 Grad Celsius. Déi wäermst Méint si Januar a Februar an de keelste Mount ass de Juli. Dee meeschte Reen fält am Mäerz, dee mannsten am Juli. Sydney huet 6,8 Sonnestonnen pro Dag an 138 Reendeeg am Joer.

Sydney 
Sydney vum Satellit aus

Ekonomie an Infrastruktur

Sydney ass e grousst Industrie-, Handels-, Finanz- an Transportzentrum. De gréissten Deel vum australeschen Aussenhandel gëtt iwwer Sydney ofgewéckelt. Produzéiert gi virun allem Autoen, elektresch Aparater, Maschinnen, Metallprodukter, Iesswueren, Pëtrolsprodukter an Textiller. Déi wichtegst Exportwuere si Fleesch, Weess a Woll. De Fluchhafe vu Sydney ass dee gréissten an Australien a wichteg fir den internationale Loftverkéier.

Kultur a Kuckeswäertes

  • Aquarium mam neie Barrier-Reef-Baseng
  • Circular Quay: ass d'Zentralstatioun vu Bus, Bunn a Fären.
  • Darling Harbour: ass den Zentrum vum Ënnerhalungsquartier.
Sydney 
Sydney North Head aus gekuckt
Sydney 
Den Hafe vu Sydney
  • Sydney Harbour Bridge: ass eng vun de längste Boubrécken op der Welt an huet eng Spanwäit vu 495,6 m. Et kann een och mat enger Féierung iwwer de Stolbou eropklammen oder am südëstleche Stempel, de Pylon Lookout, eng Ausstellung iwwer de Bau vun der Bréck kucke goen.(BridgeClimb)
  • Sydney Opera House: gëllt als Emblème vu Sydney an ass vum Jørn Utzon gebaut ginn.
  • The Rocks
  • Royal Botanic Garden: 30 ha grouss Parkanlag; fréier war d'Farm Cove den éischte Geméisgaart vun Australien
  • Taronga Zoo: gëllt als ee vun de schéinsten Déiereparke vun der Welt.
  • Australian Museum
  • Sydney Olympic Park
  • Sydney Tower: ass mat 305 Meter dat héchst Gebai vu Sydney.
  • Blue Mountains

Um Spaweck

Commons: Sydney – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

Sydney GeschichtSydney GeographieSydney BevëlkerungSydney KlimaSydney Ekonomie an InfrastrukturSydney Kultur a KuckeswäertesSydney Um SpaweckSydneyAustralienNew South Wales

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

.byAuteursrechtSydney Harbour BridgeHämmelsmarschAlfred HitchcockArnhemTom KergerDrorakéitThéiwesburLycée Robert-SchumanFeierstengszalotWëssenschaftSpuerkeessMédaille de la reconnaissance nationaleAra (Stärebild)D'LompekréimerMensterGNU Free Documentation LicenseHenri vu LëtzebuergRégine RenchonMartine DeprezPhilip CrowtherMinettsgéigendCentre national de littératureFluchhafenClaudine MunoSerge Milano (Äishockeyspiller)Lycée Josy-Barthel MamerFernand BarnichEise PappTelekommunikatiounArmand Thill1969MilitärLëtzebuerger KantonenStater TramFeilE Buch am ZuchJuegd zu LëtzebuergElektronWale fir d'Europäescht Parlament 2024 (Lëtzebuerg)Lex DellesArrondissement SegréVéronique FauconnetMars Science LaboratoryWikipediaRoland MeyerEurovision Song Contest 2024PäischtenThe Man Who Knew Too Much (Film 1934)Sozial Demokratesch VolleksparteiUlrich MüheKallisto (Mound)InformatikAlaninGlen CampbellIranMickey RooneyJohny JaminetLéon KrierMënschleche KierperJean-Jacques DiderichNorwegenUerdnung (Biologie)Waudru vu MonsMathias SchiltzRita Levi-MontalciniSpektrograph🡆 More