Botany Bay, Botanesch Bucht ass den Numm vun enger Bucht bei Sydney, New South Wales, Australien.
An dëser Bucht ass de James Cook mat dem Schëff Endeavour fir d'éischt an Australie gelant.
Den Debarquement vum Cook huet den Ufank vum Intressi vun England un Australie gemaach, wat spéider als Konsequenz d'Kolonisatioun vun dësem Kontinent duerch England hat. Australie gouf déizäit de Südkontinent genannt.
Haut ass d'Botany Bay haaptsächlech bekannt duerch den Internationale Kingsford Smith Fluchhafen deen och de wichtegste Fluchhafe vun Australien ass. D'Geigend ëm d'Botany Bay steet ënner Naturschutz am Kader vum Nationalpark Botany Bay. An der Botany Bay ass och d'Naturresevat Towra Point.
Am Ufank huet de Cook an aner Redaktere vum Expeditiounsjournal d'Bucht Stingray Bay genannt wéinst engem Stachelrochen dee se do gefaangen haten. Mä a sengem Journal deen de Cook spéider op Basis vu sengen Notize geschriwwen huet, huet hien den Numm a Botany Bay emgeännert, an en huet als Ursaach dofir uginn datt de grousse Planzeräichtum deen de Joseph Banks an den Dr. Solander op dëser Plaz beschriwwen hunn, hien dozou bruecht hätt.
De klenge Fluchhafe Mascot an der Botany Bay gouf no an no ausgebaut an 1953 zu Éiere vum Charles Kingsford Smith an Kingsford Smith Internaional Airport emgedeeft. Haut gëtt en awer meeschtens kuerzerhand Sydney Airport genannt.
Den Hafen, Port Botany gouf 1930 gebaut an ass haut e Container-Terminal.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Botany Bay, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.