D'Antarktis (vum Algriicheschen ἀνταρκτικός antarktikos, iwwersat „géigeniwwer vun der Arktis“) ass eng geographesch Zon ëm de Südpol, déi engersäits d'Land- a Mieresgebidder, also graff gesinn, de Kontinent Antarktika, an anersäits den Antarkteschen Ozean (Südpolarmier) ëmfaasst.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der geographescher Zon ëm de Südpol. Fir de südlechste Kontinent op der Äerd, kuckt wgl. Antarktika. |
D'Antarktis ass domat ee vun de zwéi Polargebidder.
Vun 1820 un ass d'Antarktis vu verschiddene Séifuerer a Fuerscher befuer an ënnersicht ginn. Si ass den Antipod vun der Arktis, déi op der Nordhallefkugel iwwer dem Nordpol läit.
1959 goufen am Antarktika-Traité Reegele fir eng friddlech Notzung a Fuerschung vun der Regioun opgestallt. Zënterhier gëllt d'Antarktis als dat gréisst Naturschutzgebitt vun der Welt.
Als geographesch-astronomesch Zon gëtt d'Antarktis duerch de südleche Polarkrees begrenzt a geet domat vum Südpol bis op 66° 33' südlecher Breet. Als ozeanographesch Grenz gëllt d'Antarktesch Konvergenz bei ronn 50 ° südlecher Breet, wou dat kaalt antarktescht Uewerflächewaasser ënner dat méi waarmt subtropescht erofgeet. D'Zon tëscht 50 ° Süd an dem Polarkrees gëtt och subantarktesch genannt.
D'Antarktis huet, vu 66,6° südlecher Breet aus bis op de Südpol, eng Fläch vun 21,2 Millioune Quadratkilometer; vu 50 ° südlecher Breet aus sinn et 52 Millioune km², wouvun de gréissten Deel Ozean ass.
Déi am nooste geleeë Landmasse sinn: Feierland op der südlecher Spëtzt vu Südamerika, de Kap Agulhas a Südafrika grad ewéi d'Inselen Tasmanien an Neiséiland.
Commons: Antarktis – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Antarktis, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.